A senger "Carte blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist Gedanken iwwer Verschwierungstheoretiker an d’Verbreedung vu „Fake News“.

Kee Referendum iwwer d’Verfassung, esou de Marc Glesener, wier weider Fudder vir Populisten an Extremisten.   

Krise sinn - dat ass net nei – eng Zort ideale Moment fir Verschwierungstheorien an illuminéiert Gesellen, déi mat allerlee komeschen Theorië guttgleeweg Leit an hire Bann zéien.

Pandemie-Zäite sinn esou Krisenzäiten. Dobäi kënnt de Phänomen vun de soziale Medien, déi et erlaben, Meenungen an Iwwerzeegungen eng Mega-Visibilitéit ze ginn. Dëst féiert dozou, datt Fake News an einfach wëssenschaftlech falsch Informatiounen eng ongebremst Dynamik kréien. Eng objektiv Debatt mécht dat sécher net méi einfach.

D’Resultat si verdréinten an oft absolut geckeg Saachen, déi als Wourecht duergestallt a weiderverbreet ginn. Leider och iwwer soss seriéis Medien. Beispiller dofir gëtt et der genuch. Ech denken hei un d’Minoritéit vu Corona-Leegner, Impfgéigner a Maskeschutzleegner, déi et ëmmer erëm an d’Zeitungen op der Fernsee an de Radio packen.

De richtege Wee am Ëmgang mat all deem Brach, deen duerch bestëmmte Käpp geeschtert, ass objektiv a fachlech richteg Informatioun a eng gutt Kommunikatioun.

Awer domat net genuch: Et sollt een am beschten deenen, déi iwwerall Verschwierungen an Attacken op Fräiheete gesinn, d’Méiglechkeet guer net ginn, hir Theorien ze entwéckelen. An domat wier ech beim Thema Verfassungsreform.

Hei soll an däerf den Androck net entstoen, dat d’Politik iwwert d’Käpp vun de Bierger ewech en Text imposéiert.  Den Hin-an-Hier ronderëm de Referendum versteet mëttlerweil kee méi. Jo, Nee, Jo-Mee-Awer – dat ass dach kee seriéisen Ëmgang mat engem Text, deen d’Grondlag vun eisem Zesummeliewen als Natioun duerstellt.

D’Politik wier gutt beroden, einfach zouzeginn, datt ee sech e bësse verrannt huet an e Referendum organiséieren. Mat virdrun enger breeder Opklärungscampagne.

Et brauch ee keng Angscht virun de Leit ze hunn.

Et soll een op d’Kraaft vun den eegenen Argumenter vertrauen.

An et dierf een op alle Fall eent net: Aus politeschen Ursaachen de Wee zu engem neie Verfassungstext ouni d’Bierger goen.

Ob et der elo 18.000, 25.000 oder méi sinn, déi ënnerschriwwen hunn oder wäerten ënnerschreiwen, ech géif mer wënschen, dat Politiker eng kloer Linn an der Verfassungsfro hätten: Dat war am Ufank de Referendum.

Kënnt et net dozou, ass dat Waasser op d’Mille vun deenen, déi mat hire wëllen Theorië vun Negatioun a Verschwierung vill Leit bei Populisten an Extremisten dreiwen. A genee dat deet der Politik an der ganzer Gesellschaft net grad gutt.