D’Astrid Lindgren soll gesot hunn: "Wie die Welt morgen aussehen wird, hängt in großem Maß von der Einbildungskraft jener ab, die gerade lesen lernen." Samschdeg ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. Grond genuch fir kuerz driwwer nozedenken, wéi mir als Erwuessener d’Kanner gesinn, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

D’international Kannerrechtskonventioun

Fänke mer u mat e bësse Kader. 1989 huet d’Assemblée Générale vun de Vereenten Natioun d’Kannerrechtskonventioun beschloss. Véier Joer dono gouf se zu Lëtzebuerg ratifizéiert - d’Gesetz vum 20. Dezember 1993. Dat heescht, datt Lëtzebuerg sech verflicht huet, d’Rechter vum Kand - also all jonke Mënsch ënner 18 Joer - ze respektéieren.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

Nieft dem Schutz géint Gewalt an Diskriminéierung, hunn d’Kanner e Recht op Bildung, op eng gutt gesondheetlech Versuergung, op Privatsphär, op eng Famill, op Spill a Spaass … an d’Kanner hunn och d’Recht, hir Meenung däerfen ze soen a souguer matzebestëmme bei all Entscheedung, déi si betrëfft (Artikel 12). Dat gëllt fir juristesch an administrativ Prozeduren, mee an engem méi breede Sënn och fir d’Famill, d’Schoul, d’Veräinsliewen a souguer d’Politik.

Kanner stellen onbequem Froen

Kanner hunn e gudde Sënn fir Gerechtegkeet a si stellen eis onbequem Froen: Plastikstuten si schlecht fir d’Ëmwelt, firwat sinn déi net verbueden? Firwat ginn et aarm Mënschen? Firwat huele Leit Drogen? Firwat gëtt et Krich? Firwat musse Leit flüchten? Firwat mécht do keen eppes dogéint?

An natierlech sinn d’Äntwerten op déi Froe komplex, Ännerunge loosse sech aus de verschiddenste Grënn net séier erbäiféieren, mee dat ännert näischt drun, datt d’Froen u sech déi richteg sinn an datt mer als Erwuessener an der Verantwortung stinn, Léisungen ze fannen. Dofir musse mer d’Kanner seriö huelen. All Erwuessenen, well déi schliisslech um laangen Hiewel sëtzen, an notamment déi, déi Responsabilitéiten iwwerhuelen an der Politik.

E Walrecht fir d’Kanner?

Grad am Moment mussen Decisiounen esou geholl ginn, datt eis Kanner an d’Kanner vun eise Kanner gutt liewe kënnen. Sou gesinn ass et ganz vital, am enke Sënn vum Wuert, datt d’Kanner matbestëmme kënnen, well et em hir Zukunft geet.

Wéi een dat mécht, kann een sech iwwerleeën. 2015 war jo d’Walrecht ab 16 kloer ofgeleent ginn, vläicht wär ee Walrecht fir nach méi jonker eng Iddi. Et wär op jidder Fall spannend ze kucken, wéi si géife wielen. Mee datt mer Weeër fanne fir Kanner matbestëmmen ze loossen, ass néideg. Schonn eleng fir datt se übe kënnen, wéi dat geet, a virun allem well se tatsächlech eppes ze soen hunn. Hinnen nozelauschteren ass déi 1. Etapp. Dat geschitt d’ailleurs de Freideg an der Chamber, wou Kanner aus dem ganze Land mat den Deputéierten iwwert d’Kannerrechter diskutéieren, hinnen hir Projeten an Uleies matdeelen a mat hinnen zesummen den nächste Schrëtt plangen. Eemol d’Joer geet awer net duer, well Kanner ginn net réischt Biergerinnen a Bierger, si si Biergerinnen a Bierger! Da kommt mir behandelen se och sou.