An dësen Deeg gëtt erëm méi intensiv iwwert eis Staatsfinanze diskutéiert.

Virun engem Joer ware Previsioune relativ alarmant, mat engem Defizit vum Zentralstaat vun iwwer 5 Milliarden Euro an enger Staatsschold, déi 30% vum PIB kéint iwwerschreiden.

Déi Méint duerno a bis dëse Summer eran huet sech glécklecherweis erausgestallt, dass eis Wirtschaft gutt duerch d’Kris koum, zwar mat staarken Ënnerscheeder tëscht de Secteuren. D’Einname vum Staat hu sech deemno gutt entwéckelt. Dat erkläert sech duerch eis Wirtschafts-Struktur, déi op Déngschtleeschtunge fousst, déi télétravailable sinn, notamment an de Beräicher Finanzen an Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien.

Haut ass d’Situatioun awer erëm méi komplex: Manktem u Main d’oeuvre, Probleemer an de Liwwerketten, Enkpäss an der Versuergung vu Gidder, historesch héich Energiepräisser an Inflatioun. Dat bewierkt Drock op d’Produktiounskäschten an d’Rentabilitéit vun de Betriber an op hir Investitiounspläng fir Zukunft.

Ee méigleche Cercle vicieux also, grad an enger Zäit, wou eis Relance misst gefestegt ginn, fir dass eis Wirtschaft duerchstarte kéint, an eis Defiziter bei de Staatsfinanzen ofgebaut kéinte ginn.

Bis 2025 soll den Defizit am Zentralstaat trotz enger optimistescher Wirtschaftsentwécklung nach ëmmer bei 700 Milliounen Euro leien, wat eis Staats-Schold weider vergréissert. Dës läit am internationale Verglach relativ déif, ënner 30% vum PIB. Mee wann een do eis héich Pensiouns-Verspriechen derbäirechent, da gesäit d’Situatioun ganz anescht aus. Fir eng kleng oppe Wirtschaft, an där een Drëttel vum Steierakommes aus engem eenzege Secteur – dem Finanzsecteur – hierkënnt, ass dat eng geféierlech Situatioun. Et misst een haut schonn un de Stellschrauwen dréinen, fir eis Sozial-Versécherunge laangfristeg ofzesécheren.

Kuerzfristeg gekuckt ass ze begréissen, dass eis Staatsfinanze sech méi séier erholl hunn, wéi nach virun engem Joer erwaart. Och bleiwen déi ëffentlech Investitiounen héich. An de wichtege Beräicher Digitaliséierung, Logement a Klimatransitioun hätt ee sech awer méi a méi Konkretes erwaarde kéinten. Och kéint de Staat vläicht manner ambitiéis Rekrutements-Pläng ukënnegen, wa méi administrativ Prozedure géifen digitaliséiert, vereinfacht oder ganz ofgeschaaft géife ginn.

Schlussfolgerend bleift d’Feststellung, dass mir och no dëser Kris – wa se da bis iwwerstanen ass - weider am Hamsterrad dréine mussen, fir genügend Staatsrecetten ze generéieren, mat all de Konsequenzen op Mobilitéit, Ëmwelt a Logement. Méi héich Staatseinamme sinn awer noutwendeg, fir déi ëmmer méi héich lafend Ausgaben ze decken, déi oft net selektiv genuch sinn.

Fir dee Paradox séier ze briechen, muss intensiv no effiziente Léisunge gesicht ginn iwwert d’Finanzpolitik eraus an engem Effort collectif.