Hu der schonn de Questionnaire vum Recensement ausgefëllt ? De Soziolog Fernand Fehlen huet et scho gemaach an dobäi sinn him e puer Gedanke komm.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

“D’Zil vun enger Vollekszielung ass et, Donnéeën iwwert d’Bevëlkerung, d’Menagen an d’Wunnengen ze sammelen, fir d’Besoine virauszegesinn an der Landesplanung, bei Schoulen, Crèchen, Klinicken, Alters- a Fleegeheemer, a sou weider.” Dat seet eis de STATEC op sengem Site, respektiv e léisst eis et soe vu fënnef sympatheschen, jonke Mënschen a fënnef verschidde Sproochen, mat Ënnertitelen an enger vun dëse Sproochen, déi een auswiele konnt, wéi een de Site opgemaach huet. Dëst ass en exemplareschen Internetoptrëtt, ganz am Aklang mat eisem offizielle Multikulti-Selbstverständnes, wéi ee sech der méi wënsche géif.
D’Reiefolleg vun de Sproochen ass sécher net zoufälleg gewielt: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch a Portugisesch. Et ass net déi vun eisem Sproochegesetz, dat jo dräi Verwaltungssprooche kennt a se opzielt an der Uerdnung Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. Dat war d’hierarchesch Uerdnung an de Käpp vun de Staatsbeamten, déi d’Gesetz 1984 geschriwwen hunn.

Net nëmmen um STATEC-Site ass an Tëschenzäit Lëtzebuergesch op déi éischt Plaz propulséiert an d’Däitsch degradéiert ginn. Méi erstaunlech: d’Englesch taucht net nëmmen op der drëtter Plaz op, mee wann een de Clip lauschtert, héiert een, e global english, dat definitiv net vun déi Säit dem Channel kënnt. Dëst fält besonnesch op, well déi véier aner Sprooche praktesch akzentfräi geschwat ginn. Domat gëtt signaliséiert, datt Englesch ëmmer méi déi gemeinsam Verkéierssprooch vun der EU gëtt. A mir ginn dorun erënnert, datt et schonn zwou Chamber-Petitioune gouf, déi et offiziell zu onser véierter Landessprooch maache wollten.

Als heefegst Migratiounssprooch kënnt Portugisesch dann nach op der fënnefter Plaz, obwuel et méi portugisesch Native-Speaker, wéi Franséischer gëtt. Dir frot mech, wouhier ech dat weess. Ma bei dem Recensement 2011 war fir d’éischt dono gefrot ginn. An och nach, wéi eng Sproochen een op der Aarbecht an doheem soss nach schwätzt.

No 10 Joer ginn elo déi selwecht Froen nach eng Kéier gestallt. Dofir gëtt et elo interessant, well mer d’Ännerunge vum Sproochgebrauch miesse kënnen. Ech si gespaant op d’Resultater an hoffen, datt mer dank dem Online-Formulaire net ze laang drop waarde mussen.