De Logement ass net nëmmen zu Lëtzebuerg ee Problem. Och an anere Länner musse se kucken, fir aus der Wunnengskris erauszekommen. A senger Carte blanche stellt de Gilles Hempel eis eng kreativ an effikass Léisung aus Holland vir.

Carte Blanche Gilles Hempel

Eng rezent Etüd vum Liser huet gewisen, dass eise Logementsproblem zu engem gudden Deel dorop zeréckzeféieren ass, dass Bauland zu Spekulatiounszwecker zeréckgehale gëtt. A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet eise Premier doropshin eng Spekulatiounssteier ugekënnegt.

Mir hunn nieft der Spekulatioun awer nach e puer aner Problemer am Wunnengsbau.

Eis Prozeduren dauere vill ze vill laang, eis Reglementer sti kreative Léisungen oft am Wee a mir hunn och net genuch Mains d’oeuvre an deem Beräich.

Zudeem brauche mir déi Wunnengen elo an net iergendwann, wann déi Anti-Spekulatiouns-Mesurë bis gräifen.

Wat also maachen?

D‘Hollänner hunn e ganz flotte Programm op d'Bee gesat, ënnert dem Titel „Flexwonen“. Fir schnell abordabele Wunnraum ze schafen, hu hire ganze reglementaresche Kader flexibiliséiert. Dat geet vun de Bebauungspläng iwwert Bautereglementer bis zur Ëmweltprüfung.

Do kann een elo zum Beispill ee Bürosgebai, dat net méi gebraucht gëtt, ganz einfach an eng Wunnresidence ëmwandelen, och wann dat Gebai an enger Zon steet, wou dat eigentlech net virgesinn ass.

Eng Gemeng kann och ganz einfach vun hirem PAG ofwäichen an ee Gebiet ausweisen, op deem fir 15 Joer kënne provisoresch Wunnengen entstoen, ouni dass déi mussen zu 100% dem Bautereglement entspriechen. D‘Contraintë vum Environnement si beim Flexwonen och net streng a virun allem net esou laangwiereg wéi bei engem klassesche Projet.

Mat Hëllef vum Modulbau entstinn an Holland grad ganz schnell ganz vill abordabel Wunnengen.

Zu Lëtzebuerg kéinte mer mam Modulbau zousätzlech de Problem vun de feelender Main d’oeuvre léisen. Mir kéinten déi Moduler am Ausland produzéiere loossen an dann hei séier opriichten, do wou grad Plaz ass.

An enger Kris brauch ee Kriseninstrumenter. Dat hollännescht „Flexwonen“ ass esou een Instrument. An dat kéint ee ganz einfach op Lëtzebuerg transposéieren.