An der Bildzeitung sinn elo kierzlech dräi Fuerscher als “Lockdown-Macher” bezeechent ginn, déi als „Experten-Trio Frust zum Fest" schenken. Domadder gi Leit medial gelyncht, well se wëssenschaftlech Fakte vu sech ginn hunn, déi net an dat verschwurbelt Weltbild vun enger Rei Lieser passen. Mussen also och Fuerscher geschwë fäerten, datt e Mob mat Gejäiz a Fakele bei hinnen doheem virun der Dier opdaucht? Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

“Dir hutt jo och un ons Bodyguards geduecht?”, huet ee vun de Wëssenschaftler vum Luxembourg Institute of Health mech am Geck gefrot, ier de Science Festival virun engem Mount gestart ass a bei deem seng Ekipp fir de Public vu Wëssenschaftsinteresséierten en Atelier iwwer d’Impfe presentéiert huet.

Eng Carte Blanche vum Patrick Michaely

Datt hien iwwerhaapt eng Kéier esou eppes vu sech géif ginn, hätt e sech selwer wuel kaum virun zwee Joer virstelle kënnen, wéi Corona deene meeschte Leit just als Béier e Begrëff war. Och wann de Science Festival glécklecherweis net wéi de Chrëschtmaart de leschte Samschde gestiermt gouf, schénge Virologen, Immunologen, Epidemiologen oder Medezinner mëttlerweil leider d’Gefill ze hunn, méi geféierlech ze liewen, wa se als Experten an de Medien oder beim Public optrieden. Fir esou eppes ass an der Tëschenzäit tatsächlech Courage verlaangt. Mussen also och Fuerscher geschwë fäerten, datt e Mob mat Gejäiz a Fakele bei hinnen doheem virun der Dier opdaucht?

Fir vill Mënschen ass Wëssenschaft virun allem da gutt, wa se hinne Recht gëtt. Si erwaarden definitiv Äntwerten, déi wannechgelift den eegene Bléck op d’Welt bestätege sollen. Just domm, datt an onsem Fall dem Virus d’Wënsch, d’Hoffnungen an d’YouTube-Pseudowësse vun de Leit komplett egal ass. Mee wat geschitt, wann d’Fuerschungsresultater net an dat eegent Weltbild passen? Wéi steet et an esou enger Gesellschaft ëm d’Wëssenschaftskultur?

Enger Gesellschaft, déi eng wëssenschaftlech Kultur huet, ass et gelongen, Wëssenschaft a Fuerschung zu engem Pilier vum soziale Liewen ze maachen. Duerfir muss eng breet - a jo -eng emotional Akzeptanz an e Versteesdemech fir d’Roll vun der Wëssenschaft als Creatrice vu Wësse geschafe sinn. Och musse Wëssenschaft a Fuerschung verënnerlecht a vun enger gréisstméiglecher Zuel vu Leit mat Iwwerzeegung a Virbildcharakter erlieft kënne ginn, sief dat an der Schoul, an de Medien, duerch d’Kultur, duerch d’Politik. Nëmmen esou wäert et méiglech sinn, eng sanitär Kris, eng Klimakris, eng Energiekris oder och eng Biodiversitéitskris verstänneg unzegoen.

D’Realitéit gesäit awer leider aneschters aus. Wëssenschaft schéngt tatsächlech nëmme wichteg ze sinn, wa se kuerzfristeg eppes an d’Keess bréngt oder fir den Nation Branding vun Notzen ass. Lëtzebuerg als Weltraummuecht ass eebe méi sexy wéi eng Science Literacy fir jiddwereen.

De beschte Bodyguard fir d’Wëssenschaft ass nach ëmmer d’Wëssensgesellschaft selwer. Mee, eng Gesellschaft, an där wärend enger Pandemie am Parlament méi doriwwer diskutéiert gëtt, wéi e Wäin oder Cremant op enger Weltausstellung respektiv am Fliger zerwéiert gëtt a wou de Politikerselfie mat der Wäikinnigin méi Valeur huet wéi dee mat engem Wëssenschaftler, deen op engem Science Festival seng Fuerschung vermëttelt, dierf sech leschtenends net onbedéngt wonneren, wann hir Impfquot ënnerduerchschnëttlech ass. #etgeetdeckduer

*De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum lëtzebuergesche Comité vum International Council of Museums.