D’lescht Woch hu gläich 3 Ministeren hir Demissioun ugekënnegt. Dat ass ze bedaueren, mee och verständlech.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Ze bedaueren, well si zanter Joren eng exzellent Aarbecht geleescht hunn. A verständlech, wann een den Drock gesäit, deen allgemeng op d’Politik ausgeüübt gëtt. De Romain Schneider huet net verstoppt, dass déi Pressioun enorm an d’Luucht gaangen ass an den Dan Kersch huet seriö Gesondheetsprobleemer. De Pierre Gramegna wëllt elo méi Zäit fir seng Famill a fir sech.

Jo, den Drock op d’Politiker huet an der Lescht nach eemol zougeholl. Déi sozial Netzwierker sinn e Katalysator fir Haass an Hetz.

Esouguer ass d‘Doudesstrof fir verschidde Regierungsmemberen gefrot ginn.

D’lescht Woch gouf virun de Privatwunnenge vu Politiker manifestéiert. Beim Premier koum et zu Vandalismus virun der Dier an d’Familljeministesch  huet misste preventiv mat hire Kanner aus dem Haus.

Mir wëssen, dat nëmmen eng Minoritéit d’Fräiheet op Meenungsäusserung mëssbraucht, fir Bedrohungen an Beleidegungen auszespriechen, an dobäi net zéckt fir d’Privatsphär vun de Politiker ze attackéieren.

Jiddereen huet d’Recht seng Meenung fräi ze soen.

Mä wann ee Liberté, Liberté jäizt, a gläichzäiteg aner Leit d'Fräiheet hëlt, déi wëlle frou a sécher op de Chrëschtmaart goen, dann ass dat net méi ze toleréieren. De Fait, dass Randaléierer mat fragwierdege Pancarten op d’Monument vun der Gëlle Fra geklomme sinn  – dem Symbol vun onser Fräiheet – weist, dass déi Minoritéit virun Näischt zeréckschréckt. An engem Rechtsstaat kann ee sech net d’Fräiheet huelen, fir géint Gesetzer ze verstoussen.

Dës Evenementer weisen, dass et net d‘Politik ass, déi ons Gesellschaft spléckt, mä et ass déi Minoritéit, déi probéiert aus der Gesondheetskris eng Gesellschaftskris ze maachen. Dat ass eng Gefor fir ons Demokratie. Dat ass inacceptabel. #Etgeeteloduer.

D’Majoritéit vun de Bierger däerf sech net vun enger ondemokratescher a gewaltbereeter Minoritéit beandrocke loossen. Dobäi musse mir all op déi staatlech Institutiounen ziele kënnen.

All déi déi sech op privatem, associativem, lokalem oder nationalem Niveau, am Aklang mat onse Wäerter, fir d’Allgemengwuel asetze verdéngen onse grousse Respekt. Respekt vis-à-vis vun den Organisatiounen oder Institutiounen, mä virun allem Respekt virum eenzele Mënsch, och wa mer net derselwechter Meenung sinn.

An deem Sënn, wënschen ech jidderengem -  trotz der schwiereger Zäit -  schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet.