Corona hin, Corona hier: an de Geschäfter boomt et. D’Schluecht ëm d’Chrëschtkaddoen, aacht Deeg virum grousse Fest, ass amgaangen, wann och vläicht – corona-bedéngt – mat Aboussen. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

An der franséischer Dageszeitung „La Croix“ stoung en Artikel mat dem intressanten Titel „La très longue histoire du cadeau de Noël“. Do gëtt ee gewuer, dass déi Traditioun bis an dat antikt Roum kann zréckverfollegt ginn. Deemools war et nach e Kaddo fir dat Neit Joer. Déi Geschenker, déi un déi enkst Familljemembere goungen, sollten an engems als Affergowen d’Gëtter gnädeg stëmme fir eng gutt Zukunft.

Natierlech si fir d’Chrëschte Kaddoe vum 25. Dezember och en Hiwäis op dat, wat d’Hierten an déi dräi Kinneken als Gowe mat bei d’Krëppche bruecht hunn. Oder dass dat, wat do gefeiert gëtt, nämlech dat himmlescht Kand, dat gréisste Geschenk fir d’Mënschheet ass.

De Kado fir Neijoerschdag, sous forme vun Drénkgeld mat oder ouni Enveloppe, och nach „Neit Jeeërchen“ genannt, ass haut héchstens nach fir de Bréifdréier oder de Concierge. D'Chrëschtkaddoe sinn zënter Joerzéngten, par conter, progressiv an den Iwwerkonsum bis hin zur Overdosis geschwappt, an dat ënner dem Afloss vum „American way of live“.

D’Geschenker, déi ënner Erwuessenen ausgetosch ginn, sinn Deel gi vun engem Ritus „donnant donnant“, wou net seelen iwwer d’Sträng geschloe gëtt an een deen aner iwwertrompt. Soziologesch gesinn droe se derzou bäi, d’Familljerelatiounen ze festegen an drécken d‘Gefill vu méi oder manner Proximitéit tëscht deenen eenzele Memberen aus.

An dach ass Chrëschtdag awer och iergendwéi a besonnesch e Kannerfest. Net nëmme wéinst dem Zauber, dee vum Këndchen an der Krëpp ausgeet. Scho bei den ale Réimer war et esou: All déi Kaddoe sinn eng Gow un déijéineg virun allem, déi äis iwwerliewen an déi gewëssermoossen de Garant vun der Zukunft sinn. A vill gesinn an de Kaddoe fir déi Kleng en Iwwerliewe vun deem Glaf, dass et eng speziell Relatioun vun de Kanner zum Jenseits, dem „au-delà“, géif ginn. Ass et net dowéinst, datt mer si gleewen dongen, déi Geschenker kéimen, ganz mysteriéis, vun engem Personnage aus dem Himmel, vun uewen erof, och wann dee Personnage vu Regioun zu Regioun variéiert: de Kleeschen hei bei eis, de Weihnachtsmann an Däitschland, de Père Noël am Frankräich, an Italien déi gutt Fee Befana, an op anere Plazen d’Chrëschtkëndchen héchstperséinlech.

Georges Hellinghausen