De fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierte Robert Weber mécht sech Suergen iwwert de Fridden op der Welt

Selbstverständlech wënschen ech Iech alles Guddes fir dat neit Joer!

Awer wat heescht dat, wann ech mam Hënneschten am Feier setzen?

Ech wëll net iwwerdreiwen, awer ech maache mer Suergen iwwert dat Joer 2022.

Et geet net duer, wann ech Gléck a Gesondheet hunn an d’ganz Welt steet am Feier.

Carte Blanche vum Robert Weber

Jo, mir hu Politiker, déi responsabel sinn. Awer op der Welt gëtt et och därer genuch, déi verréckt sinn. An derbäi kënnt, dass eng Partie vun eisen Institutiounen net funktionéieren. Och feelt et un ëffentleche Perséinlechkeeten, déi Gewiichtegkeet a Visiounen hunn an domat d’Weltpolitik weesentlech beaflossen.

Fannt Dir dat normal, wann an der EU e Land géint europäescht Recht verstéisst, dass dann näischt geschitt ausser Drohungen. Wéi gesäit et mat Polen aus? Wéi mat Ungarn, an aneren? Ass dat alles glafwierdeg Politik?

Länner, wéi Bulgarien a Rumänien kommen aus der Korruptioun net eraus. Länner, wéi ënnert anerem Nord-Mazedonien, déi vill Ustrengunge gemaach hunn, fir an d’EU ze kommen, gi vun dem EU-Rot vun de Staats- a Regierungscheffe reegelrecht politesch destabiliséiert, well hinnen ëmmer erëm eng laang Nues gewise gëtt. Länner wéi Serbien, oder Albanien ginn ëmschmeechelt, sinn awer alles anescht wéi friddlech an demokratesch.

Bosnien-Herzegowina steet virun engem neie Krich. D’Ukrain fäert zanter Joren e russeschen Amarsch. Déi baltesch Staate liewe permanent an Angscht. Do hannendrun gëtt et Russland, Belarus, Aserbaidschan, Türkei, Syrien, de Libanon, déi Nord-Afrikanesch Staaten, déi arabesch Staaten an den Iran. Soll ech elo nach Nord-Korea nennen. Ah jo, ech hat bal China mat Hongkong, Taiwan a sech selwer vergiess. Da gëtt et do nach de ganzen arabesche Block an Afrika bis Süd- a Mëttelamerika.

Alles dat ass eng geféierlech Zäitbomm, déi mir zanter Joerzéngte versichen ze entschäerfen.

Dir gesitt also, méin Optimismus ass mat vill Suergen duerchseet. An dofir wënschen ech eis alleguerten fir dat neit Joer 2022 ganz einfach „FRIDDEN“ .