An Zäite vu Pandemie ass et wichteg, iwwert Meenungsbildung, Meenungsfräiheet a Responsabilitéit an der Gesellschaft nozedenken

Eng Carte Blanche vum Francis Schartz

Ech sinn immens dankbar, datt ech an engem Staat ka liewen, deen no de Reegele vu der Demokratie funktionéiert an an deem d’Meenungsfräiheet selbstverständlech ass. Meng demokratesch Rechter a Fräiheeten sinn awer net ouni Grenzen a bréngen och Flichte mat sech.

Meenungsfräiheet bedeit, datt ech zwar meng Meenung däerf fräi äusseren, deem anere seng awer och muss respektéieren. Virun allem awer däerf ech deenen anere meng Iwwerzeegungen net imposéieren, a scho guer net duerch Onwourechten, Ligen, Verleumdungen oder souguer Gewalt. Et ginn och Pseudo-Wëssenschaftler, Demagogen an aner Zäitgenossen, wéi zum Beispill verschidde Politiker, Journalisten, Enseignanten an och Paschtéier, déi sech net un hir Deontologie halen an hir Positioun oder Funktioun ausnotzen, fir anere Leit hir Meenung opzedrängen.

Ech kann nëmme sougenannte Verschwörungstheorien a pseudo-wëssenschaftleche Behaaptunge widderstoen, wann ech mech bei glafwierdege Quellen informéieren an och selwer mäi Gehier aschalten a logesch denken. Dobäi däerf ech och deene vertrauen, déi méi vun der Matière verstinn wéi ech selwer.

Meenungsfräiheet bedeit also och, datt ech mir muss eng éierlech a fundéiert Meenung bilden, zu där ech ka stoen.

An dëser Zäit vu Pandemie si sou Iwwerleeunge besonnesch wichteg, fir datt mir déi richteg Entscheedungen treffen an deementspriechend handelen. Fir mech perséinlech bedeit dat, datt ech der Wëssenschaft trauen a mäi Wëssen als Biolog mat abréngen. D'Konsequenz ass, datt ech mech un d'Reegelen halen, déi déi demokratesch gewielte Volleksvertrieder festgeluecht hunn an datt ech mech dräimol impfe gelooss hunn. Wann eng véiert Impfung soll néideg sinn, dann zécken ech och net do virdrun. Esou wéi d'Situatioun de Moment ass, hätt ech och keng Bedenken, wann eng allgemeng Impfflicht géing agefouert ginn.

Sech impfe loossen a sech un d'Reegelen halen ass och eng Fro vu Solidaritéit mat alle Membere vun der Gesellschaft am Allgemengen a mam Fleegepersonal am Besonneschen. D'Solidaritéit geet awer nach méi wäit. Eis Regierung an eis Volleksvertrieder maache jo vill Efforte fir d'Situatioun hei am Land an de Grëff ze kréien. Si solle sech awer och derfir asetzen, datt déi méi arem Länner genuch Impfstoff zur Verfügung kréien.

Bei enger Pandemie sëtzt d'ganz Welt am selwechte Boot. Egoismus, Demagogie, Verschwörungstheorien a Gewalt hunn do keng Plaz.