Normalerweis wären dës Woch déi traditionell grouss a kleng Neijoerschdagspätt ënner Frënn a Receptiounen an den Entreprisen, Klipp, Administratiounen, Entreprisen, Verbänn a Gewerkschaften. Dëst Joer sinn nees genau wéi lescht Joer, bedéngt duerch d'Covid-19-Pandemie, all dës Manifestatiounen nees annuléiert. De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zu dëser Traditioun an dëser Zéit an am Kontext vun eiser haiteger Lag vun der Gesellschaft.

Eng Carte Blanche vum Marc Hostert

Scho bei de Réimer war et Traditioun, fir dat neit zivilt Joer mat engem symbolesche Geste mat senge Frënn, Bekannten a Geschäftspartner unzefänken. Deemools goufe Bouquete vu Verfeiner oder Eisekraut verschenkt als Geste a Symbol vun der Héiflechkeet, dem Respekt a besonnesch, fir e konstruktiivt Mateneen am neie Joer ze hunn. Dës Traditioun besteet haut, bei eis, aus enger grousser Unzuel vu Pätt a Receptiounen, fir op allen Niveaue sozial Kontakter fleegen.

De Mateneen ass duerch d'Corona-Pandemie net verstäerkt ginn a Problemer, déi an eiser Gesellschaft scho waren, sinn duerch déi aktuell Situatioun net manner bedeitend ginn, mä an déi zweet oder drëtt Rei gestallt ginn. Nieft de gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi mir schonns haten, kommen elo neier wéi Problemer bei der Jugend, den eelere Matbierger, bei der Bildung etc. duerch d'Pandemie derbäi.

Nei ass och, dass hei am Land, an dëst ass bedauerlech a mat vollster Kraaft ze verurteelen, dass Mandatsdréier bedreet ginn an d'Manifestatiounsrecht, dat e fundamentaalt Recht an eiser Demokratie ass, leider vun a puer Leit mëssbraucht gëtt.

Net nei an all de Gesellschaften an och hei am Land ass et sécherlech, an dat beleet d'Geschicht vun de Wëssenschaften, dass et kleng Gruppen, am Géigesätz zu enger Majoritéit, gëtt, déi aus deene verschiddenste Grënn wëssenschaftlech Resultater a Fro stellen. Dëse Phenomen ass et, wéi d'Geschicht eis léiert, schonn ëmmer ginn.

Dës Grënn kënne mat de wëssenschaftleche Resultater, déi am Kader vun der Pandemie erauskomm sinn, ze dinn hunn, awer och méiglecherweis mat Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft, déi et schonns virun der Pandemie gouf: Leit, déi d'Gefill hunn, datt hinnen net genuch nogelauschtert gouf a fäerten, aus der Mëtt vun der Gesellschaft erausgedréckt ze ginn.

Wéi mer schonn am Kader vum "Siècle des Lumières" geléiert hunn, hëlleft hei besonnesch massiivst Opklärung a Mutt, fir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft nees z'erreechen.

Mutt gëtt besonnesch gebraucht, fir d'Resultater vun der Wëssenschaft am Kader vun der Pandemie ëmzesetzen, well dëst Joer hu mer am Géigesätz vum leschte Joer dat sougenannten "Heft des Handelns" an eisen Hänn. Mir kënnen elo, an dëst, well eng Majoritéit vun de Bierger alles maachen, fir aus dëser Pandemie erauszekommen, fir dass mer nächst Joer net méi an der selwechter Situatioun sinn ewéi dëst Joer.

D'Réimer hunn e Putsch Verfeiner verschenkt, fir dat neit Joer ze begréissen. Villäicht bräichte mer all e Putsch Verfeiner, fir dorausser Téi ze maachen. Dësen Téi ass jo bekannt derfir, dass en eng berouegend Wierkung huet. Da kéinte villäicht all besser mat engem kloren Agenda Sortie de Pandemie an och Problemer ugoen, fir eis Gesellschaft nees méi no beieneen ze bréngen.

An dësem Sënn, EIS all e Putsch Verveine a vill Gléck am neie Joer fir, dass eist Zesummeliewen och nees stattfanne kann!