20 Joer Euro - 19 vu 27 Memberstaaten aus der europäescher Unioun notzen haut eng gemeinsam Wärung. Am Alldag huet den Euro eis d’Liewen a villen Hisiichte vereinfacht, mee wéi vill Europa si mir bereet z’ënnerstëtzen? Eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Méi wéi 340 Milliounen Awunner notzen haut eng gemeinsam Wärung. Am Alldag huet den Euro derzou bäigedroen, datt mir besser an enger globaler rapider Welt mathale kënnen. Grenzen tëscht de Länner sinn nom Schengenofkommes duerch den Euro nach méi transparent ginn. Stabilitéit, eng positiv Entwécklung vun der Wirtschaft a Kompetitivitéit sinn awer zu engem net negligeabelen Deel der gemeinsamer Wärung unzerechnen.

Trotz enger ganzer Rei Avantagë vun deene mir dagdeeglech profitéieren, ass Europa a ville Käpp net mat engem positiven Image verbonnen. D’Virdeeler vun der EU sinn Normalitéit ginn a gehéieren zum Liewensstandard. Mee am Kontext europäesch Unioun denken d’Bierger éischter un héich Käschte spréch national Steiergelder an un onendlech laang Diskussiounen tëscht den nationale Representanten an deene villen europäesche Gremien.

Duerch Situatioune wéi de Brexit oder ugespaanten Nopeschlännerrelatioune bei Grenz-Fermeturë wéinst Covid an och Differenzen op de Basiswäerter vun der Unioun, wéi zum Beispill mat Ungarn a Polen, gëtt ganz séier kloer, datt d’Wäerter an d’Interêten tëscht de Memberstaate ganz verschidde sinn an dëst geheit fir sou munch een e méi wéi nuancéiert Liicht op Europa.

An nawell ass Lëtzebuerg op der Weltkaart eng Nol am Heekoup, wa mir net am Konsortium mat anere Länner optrieden. Och wa Lëtzebuerg sech ënnert anerem mat Space industry an der Finanzplaz op internationalem Terrain probéiert ze verkafen, hu mir iwwer déi lescht 2 Joer nees ganz kloer gemierkt, datt e klengt Land eleng absolut näischt erreeche kann.

Dëst limitéiert natierlech och den nationale politeschen Aktiounsradius, fir nei Weeër ze goen.

Fiskalitéit ass ee vu ville Beräicher, déi eng grouss Roll spillen, mee wou mir keng Méiglechkeet hunn am Cavalier-Seul eis eege Léisung duerchzeboxen. Nawell ka Lëtzebuerg als Virreider innovativ Schemae puschen a sou d’Richtung virginn, wéi aner europäesch Länner an d’Unioun am Ganze sech kënnen op der Weltkaart positionéieren. D’Weiderbildung ass en anere wichtege Bausteen fir d’Zukunft, wou mir och ofhängeg vun anere Länner sinn, mee trotzdeem d’Méiglechkeet hunn, Formatiounen an neien Domainer auszebauen. D’Zukunft läit an den Hänn vun de Jonken an hirer Ausbildung, wat och 2022 als europäescht Joer vun der Jugend confirméiert.

Fir nei Impulser ze ginnm ass awer eng kloer politesch Ausriichtung gefrot an de Courage konsequent Decisiounen ze treffen. 2022 wäert hoffentlech als Joer vun der Sortie aus der sanitärer Krise a politeschem Courage, fir nei Jalonen virun engem Waljoer ze setzen, an d’Geschicht agoen.