A senger "Carte blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder ënnert anerem am Spidolssecteur a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwer d’Impfgéigner an de Begrëff Fräiheet. Fräiheet ouni Grenze gëtt et net, esou de Marc Glesener, dee fir méi Mateneen an der Gesellschaft plädéiert.

Et gëtt näischt, wat et net gëtt. Dat huet eis Corona op e Neits gewisen. Jo, et ass dann alt erëm eng Covid-Carte-Blanche. Wat ech eigentlech wollt evitéieren.

D'Carte Blanche vum Marc Glesener

Nu ass et allerdéngs esou, dat et Saache gëtt, déi een einfach muss lassginn. Et geet ëm den Opruff vun den Impfgéigner a Corona-Leegner virun enger Klinik ze manifestéieren.

Ausgerechent do also, wou zanter elo bal 22 Méint Dokteren a Fleeger sech Dag an Nuecht ëm Pandemie-Patiente këmmeren, a ganz dacks em Mënscheliewe kämpfen.

Wéi domm muss ee sinn, esou eng Aktioun ze plangen. Sorry, mir feelen hei einfach manéierlech Wierder, fir dëst méi nuancéiert ze kommentéieren.

Sécher, Meenungsfräiheet an d’Versammlungsrecht spillen och fir Antivacc-Agitateuren. Mä et gëtt och esou eppes ewéi Anstand a Verstand.

Mir sinn am Fong elo op engem Punkt ukomm, wou déi sougenannten "Silent majority", spréch déi roueg Majoritéit vun de Leit, e staarkt Zeeche misst setzen. A mat hinnen d’Politik, déi dem Allgemengwuel verflicht ass. An dëst ass d’effikass Bekämpfe vun der Pandemie.

An hei geet et nu emol net ouni klorer Spillreegelen am Interessi vun der Gesellschaft. Dat bedeit eng gesetzlech gereegelt Impfflicht. D‘Fräiheet vum Eenzelen ass net ouni Grenzen. Soss funktionéiert eist Zesummeliewen net.

Dat ass iwwregens net nëmme beim Thema Impfen esou. Et gi Spillreegele fir de gesellschaftleche Matenee – dës Reegele baséieren op Wäerter wéi Solidaritéit, Verantwortung a Respekt.

Des Wäerter hunn a kréien ëmmer nach ferm Schréipen an der Corona-Debatt.

Schued, a Krisenzäite missten sech d’Leit éischter zesumme fannen, an sech net d’Käpp aschloen - verbal an am richtege Sënn vum Wuert.