Des Woch gouf den 1. Deel vun eiser neier Konstitutioun an der Chamber gestëmmt. Sie soll domadder un d'Realitéit vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn. Op dat gelongen ass, dierf allerdéngs bezweifelt ginn...

16 Joer laang hunn d'Experten un den Ännerungen zu eiser Konstitutioun gedoktert, fir se der haiteger Zäit unzepassen, éier dëser Deeg dann den 1. Deel vun dem neien Text am Parlament gestëmmt gouf. Luewenswäert ass dobäi sécherlech, dass heimat wichteg nei Prinzippien an eiser Verfassung verankert ginn.

Eng Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Et bleift awer ëmsou méi onverständlech, dass den Artikel 11.1 an der Sektioun vun de Grondrechter net geännert gouf. Do steet och haut nach ëmmer « d'Lëtzebuerger si gläich virum Gesetz » wat de facto 50% vun eiser Bevëlkerung ausschléisst. Wisou hei nëmmen d'Lëtzebuerger ernimmt ginn, an net di sämtlech Bierger aus eisem Land ass absolut schleierhaft. Wéi steet et da mat den Auslänner déi hei liewen? Sollen déi tatsächlech net gläich si virum Gesetz ? D'Konstitutioun gesäit zwar vir, dass all Net-Lëtzebuerger, deen um Gebitt vun eisem Land as, vun eise Gesetzer geschützt ass, mee Gesetzer kënne jidderzäit geännert ginn, d'Konstitutioun awer net.

Firwat gouf hei un enger Formulatioun festgehalen, déi eng Hierarchie tëscht de Mënschen zementéiert?  An dat an engem Immigratiounsland ewéi Lëtzebuerg, dat sech gären als Champion vum Zesummeliewen duerstellt! Firwat ass net op d'Recommandatioune vun der Kommissioun vu Venedeg gelauschtert ginn? Dës Konstitutiouns-Experten hunn op Nofro vun der Chamber en Avis zur neier Konstitutioun ausgeschafft a recommandéiert, dass de Prinzip vun der Gläichheet vun alle Bierger virum Gesetz konstitutionell sollt  festgehale gi D'Ënnerscheeder tëscht Lëtzebuerger an Auslänner sollt iwwer de Wee vu Gesetzer gereegelt ginn. Friwat net op Formuléierung vum  internationale Pakt fir zivil a politesch Rechter, dee Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet, zeréckgräifen: "Toutes les personnes sont égales devant la loi et ont droit sans discrimination à une égale protection de la loi." Suguer eis Regierung war an hirem Avis iwwert d'Konstitutioun der Meenung, dass eis Verfassung déi selwecht Ofsécherunge misst bidden, ewéi déi, déi  Lëtzebuerg op europäeschem oder internationalem Niwo ënnerschriwwen huet. An trotzdeem ass dat net geännert ginn!

Datt d'Lëtzebuerger gläich si virum Gesetz, steet zanter 1868 an der Konstitutioun a war deemools sécher der Zäit ugepasst. Mee haut, wou d'Hallschent vun eiser Bevëlkerung kee Lëtzebuerger Pass huet, ass esou e Saz net méi ze justifiéieren.

Als Argument gëtt ugefouert, dass een esou dat nationaalt Walrecht fir d'Lëtzebuerger wéilt fest verankeren. Dobäi gëtt dëst schonn am Artikel 9bis kloer gereegelt. Mat dem Saz "D'Lëtzebuerger si gläich virum Gesetz"  bleiwt e nationalistescht Prinzip an der Verfassung, deen eis franséisch rietspopulistesch  Fändeldréier à la Marine Le Pen oder Eric Zemmour an hirer Konstitutioun sech nëmme wënsche kënnen.

An domadder eng verpasste Chance, fir Lëtzebuerg selbstsécher, weltoppen a modern fir d'Zukunft opzestellen.