De Roland Pinnel mécht a senger "Carte blanche" op e puer paradoxal Verhalensformen a Pandemiezäiten opmierksam.

Carte Blanche Roland Pinnel

Zwee Joer laang klappen d’Leit sech elo scho mat engem Iwwel erëm, dat se weltwäit beschäftegt: Corona. Iwwerall gëtt versicht, de Covid-19 an de Grëff ze kréien. Dat reusséiert heiansdo emol gutt, heiansdo awer och emol manner gutt.

Wa virun enger gewëssener Zäit gemengt ginn ass, d’Corona-Pandemie hätte mer praktesch hannert eis, da si mer awer séier enges Bessere beléiert ginn. D’Meenung ass opkomm, elo géife mer endlech e Liicht um Enn vum Tunnel gesinn. A wat ass geschitt ? Mat Omikron gesi mer en neien Tunnel um Enn vum Liicht. Dat huet net nëmmen, mee ënnert anerem och, mam Handling vun der Pandemie ze dinn. Et war an ass beileiwen net alles schlecht geréiert ginn. An trotzdeem gëtt et Aspekter, wou ee sech d’Fro stelle kann, ob se ëmmer esou ugepaakt ginn, wéi se dat sollen. Mir hunn eben net, oder nach net, eng Situatioun wéi an Dänemark, wou se zanter e Méindeg praktesch "Freedom Day" hunn.

D’Enseignanten am Klassesall hannert dem Pult an hannert Plexiglas mussen, mat der Mask un, Schoul halen. Dat ass gutt a richteg esou a ganz sécher net einfach; mee si respektéieren d’Consignen, déi erauskomm sinn, wéi ee sech an der Coronakris verhale soll.

Ass et dann awer net e Paradox, dass - wann zum Beispill vun der Politik eng Pressekonferenz a Presenz vun de Medievertrieder gehale gëtt - deejéinegen, dee schwätzt, systematesch seng Mask ausdeet, amplaz se grad dee Moment unzehalen? An do steet iwwregens virum Riednerpult an der Reegel keng Plexiglaswand. Dobäi ass dach gewosst, dass just beim Schwätzen déi meescht Aerosole fräigesat ginn. Egal, ob dat an engem Presseraum ass oder an engem Studio, als Invité eleng oder mat anere Gäscht zesummen an egal wou a wéini virun engem Mikro. Wou bleift do dat gutt Beispill, dat d’Leit inspiréiere soll?

Et ass erstaunlech an erschreckend zugläich, wéi och Experten aus dem Gesondheetswiese bei Geleeënheet vu Pressekonferenzen sech net un déi noutwendeg "Gestes barrière" halen, déi mer all mantra-aarteg operluecht kréien; mat anere Wierder: wa se schwätzen, sollen och si an esou Fäll hir Mask unhalen.

Maachen se dat net, vermëttele se bei de Leit en total kontraproduktive Message. An dobäi seet e Bild dach méi wéi dausend Wierder. Biller hunn nu emol eng grouss Symbolkraaft. Et wär esou wichteg, wa se dann och dee richtege Message géifen transportéieren.

Kléngt dat do alles net wéi e grousse Paradox? Paradox, hanne selbstverständlech mat "ox" geschriwwen!