De Robert Goebbels kritiséert d’Inaktion vun der Regierung a speziell dem Minister Turmes bei der Explosioun vun den Energie-Präisser.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

An dëse stressegen Zäiten baut sech eng nei geféierlech Front op: Ëmmer méi deier Präisser fir all Formen vun Energie. All Automobilist bezuelt Héchstpräisser un der Pompel. E vollen Tank war nach ni esou deier am Ländchen.

Schëlleg doru sinn net nëmmen d‘Pëtrols-Mäert. Ënnert dem Drock vun de Gréngen huet d’Regierung nei Taxen op Bensin, Diesel, a Masutt ageféiert.

Angeblech aus Ëmweltgrënn. Woubäi gewosst ass, dass méi deier Präisser zu Lëtzebuerg net zu enger Reduktioun vum Automobil-Verkéier féieren. Mais zu enger Verlagerung vun den Tank-Virgäng an der Groussregioun. Vill international Transporter tanke schonns méi gënschteg an der Belsch, fueren awer weider iwwer ons Stroossen.

Am schlëmmsten erwëscht et all Bierger doheem. D’Hëtze gëtt richteg deier.

Déi vill Dausend Matbierger, déi net un e Gas-Netz ugeschloss sinn a weider mat Masutt hëtze mussen, kruten de Präis vum vollen Tank schonns méi ewéi verduebelt.

Bei de Gasheizunge gesäit et net besser aus. Vill Liwweranten hunn hir Präisser schonn ugehuewen. Mais dat battert Enn kënnt mat den Ofschlossrechnungen, wa réckwierkend de volle Präis ze bezuelen ass.

Den Energiekonsum vun engem Duerchschnëtt-Lëtzebuerger geet zu 75% drop fir d’Hëtzen, zu 12% fir waarm Waasser. Elektresch Apparate friessen 12% an d’Geliichts nëmmen 1%.

Op den internationale Mäert huet sech de Präis fir Äerdgas an engem Joer praktesch vervéierfacht. D’Aussiichte fir eng Berouegung op der Präisfront sinn net gutt.

Dat schéint onsen Energieminister Claude Turmes net ze intresséieren. Hien mécht weider an totaler Ideologie. Hien ass géingt Atom, géint Kuel, awer och géint Äerdgas. Hien huet Bréissel opgefuerdert,  keng EU-Gelder méi an Gas-Pipelinen ze stiechen.

Dobäi sinn d’Sonnen- an d’Wandenergie ofhängeg vum Wieder. Besonnesch d’Sonnenenergie ass zur kaler Joreszäit kaum verfügbar.

So muss Däitschland  Atomstroum importéieren, fir kee Blackout ze kréien.

D’Elektrizitéitspräisser sinn duebel esou héich an Däitschland ewéi a Frankräich. D’Fransousen hunn iwwerdeems dank Atomkraaft eng besser CO2-Bilanz ewéi déi Däitsch. An ewéi Lëtzebuerg. Mir importéiere ronn 80% vun onsem Stroum aus Däitschland.

Wärend Frankräich an Däitschland schonn op d’Explosioun vun de Präisser reagéieren an Direkthëllefen un d’Konsumenten decidéiert hunn, bleift ons Regierung inaktiv.

Wëllt den Här Minister Turmes d’Lëtzebuerger bestrofen?