Viru fofzeg Joer huet de Club of Rome säi Rapport iwwer d’Grenze vum Wuesstem publizéiert. De Soziolog Fernand Fehlen mengt, datt dës Publikatioun ons och haut nach eppes ze soen huet.

Déi franséisch Versioun hat den Titel  Les Limites à la croissance dans un monde fini an domat war och schonn den Haaptgedanke vum Wierk resuméiert. Ons Welt ass net onendlech grouss, hir Ressource si limitéiert a mat all Liter Bensin, dee mer verbrauchen, hëlt eng Reserven of, déi iwwer Millioune vu Joren duerch Karboniséiere vu Biomass entstanen ass. Fir nëmmen ee Beispill ze ginn. Méi allgemeng huet de Rapport den Zesummenhang tëschent enger Rei Variabelen opgewisen: Reserven un natierleche Ressourcen, Industrieproduktioun, Weltbevëlkerung, Pollutioun asw. Dat eigentlech Neit vum Rapport war iwwel, datt en éischtens d’Evolutioun vun dëse Variabele quantifizéiert huet an datt en zweetens e mathematesche Modell geliwwert huet, fir hir Interdependance ze beschreiwen. Dee jonken Ingenieursstudent, deen ech deemools war, huet iewel besonnesch faszinéiert, datt  de Modell et – drëttens – erméiglecht huet d’Evolutioun vum System ënnert verschiddenen Hypotheesen ze testen. Also souzesoen d’Zukunft virauszeberechnen. A mat fofzeg Joer Recul muss ee soen, datt Konklusioune vun deemools grosso modo richteg waren. De Modell ass gutt gealtert, well en erlaabt, nei Erkenntnisser ze integréieren, wéi de Klimawandel an d’Ophëtze vun onsem Planéit.

An deem selwechte Joer war deen éischten UN-Klimasommet ënnert dem Titel Only one earth an déi noutwendeg Mesure louchen um Dësch, fir global ze denken a lokal ze handelen.

Ons Generatioun muss sech de Virworf gefale loossen, datt mer net genuch a virun allem net schnell genuch gehandelt hunn. D’Mënsche sinn ëmmer an hire Gewunnechten a Bequeemlechkeete gefaangen an déi grouss Lobbyen, ugefaange beim Pëtrolslobby, wëssen domadder ze spillen, fir hir Partikularinteressen duerchzesetzen.

D’Covid-Pandemie huet ons méi wéi jee gewisen: Mir sinn nëmmen eng Mënschheet. Mir hunn nëmmen ee Planéit. Déi eenzeg Fräiheet, déi mer hunn, ass ze verstoen, wat mer maache mussen, fir dësen ze erhalen.