Viru méi wéi 25 Joer ass den israelesch-amerikanesche Medizinsoziologue Aaron Antonovsky gestuerwen. Hien huet de salutogenetesche Modell entwéckelt, dee sech – am Géigesaz zur Pathogenese – mat der Fro befaasst, firwat d'Leit gesond bleiwen. D'Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff huet dëse Modell wärend hire Studie kennegeléiert.

1970 ass dem Medezinsoziologue Aaron Antonovsky opgefall, dass 1 vun 3 Fraen den Openthalt an engem Konzentratiounslager iwwerlieft hunn an trotzdeem gesond al ginn sinn. Hie seet: "Den (...) onvirstellbaren Horror an esou engem Lager iwwerstanen ze hunn, (...) sech dann en neit Liewen an engem anere Land (...) opgebaut ze hunn, Kricher erlieft hunn... an trotz allem eng relativ gutt Gesondheet ze hunn!" Dat war fir hien eng andrécklech Erfarung – de Grondsteen Salutogenese – Modell. No joerzéngtelaanger Fuerschung, firwat Erkrankungen optrieden a wéi eng Risikofacteure bestinn, huet hien elo gefrot: Wat hält eis gesond?

Dësen Usaz ënnerscheet sech grondsätzlech vun der wäit verbreeter Pathogenese. Am Moment gëtt bspw. gefuerscht, wie schwéier u Covid erkrankt ass, wat d'Risikofacteure vun engem schwéiere Verlaf sinn asw... Et kéint ee sech allerdéngs och d'Fro stellen, firwat och héich vulnerabel Leit eng Covid-Infektioun ouni gréisser Komplikatiounen iwwerstinn?! A wéi wäit ënnerscheeden dës sech vun de vulnerabele Leit mat engem schwéiere Verlaf? Wéi eng Facteure schütze se? Ënnerscheede sech hir biologesch Charakteristiken? Si si sozial besser agebonnen? Hu si aner finanziell Mëttelen?

Den Här Antonovsky huet ee gemeinsamen Nenner identifizéiert: d'Koherenzgefill. Dëst setzt sech aus dräi Komponenten zesummen: 1) d'Verstehbarkeet, 2) Handhabbarkeet an 3) d'Sënnhaftegkeet.

Ganz einfach gesot, versteet eng Persoun mat engem héije Koherenzgefill, wat ëm si geschitt an uerdent et an. Zu dëser Verstehbarkeet seet hie bspw. "An enger Welt ze liewen, déi een als chaotesch an onberechenbar empfënnt, fält et schwéier, ze gleewen, domadder eens ze ginn." Eng Persoun mat engem héije Koherenzgefill huet zudeem d'Gefill Problemer "handlen" ze kënnen. Zu dëser Handhabbarkeet seet hie bspw. dass, "bedauerlech Saache geschéien (...), mä wa se dann optrieden, da wäert een domadder ëmgoe kënnen an net endlos traueren." An zu gudder Lescht, empfanne Leit mat engem gudde Koherenzgefill d'Problemer am Liewen éischter als Erausfuerderung, déi et sech lount ze meeschteren a manner als Laascht, déi ee gäre lass wier. Dës 3. Komponent nennt hie Sënnhaftegkeet.

Dem Medizinsoziologue no entwéckelt sech dëst Koherenzgefill haaptsächlech duerch Erfarungen virum 10. Liewensjoer. Op d'Pandemie bezunn, läit et also elo an eiser Hand, wéi mir als Elteren a Gesellschaft mat dëser Pandemie ëmgoe wëllen. Ass et eng eng Laascht, déi mir gäre lass wieren oder kéinte mir versichen - sou schwéier et och kléngt – d'Kanner ze léieren, se als Erausfuerderung ze gesinn an dat Bescht draus ze maachen? Dës Fro muss elo Jidderee mat sech selwer ausmaachen, besser spéit wéi ni!