De 27.1. ass d’Journée de la Mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité. Do ronderëm gouf et och dëst Joer eng Rei Evenementer an Aktiounen. Mee Erënneren eleng geet net duer, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Carte Blanche Michèle Schilt

2006 huet den amerikanesche Cartoonist Edward Stein eng intressant Karikatur gezeechent: et gesäit een eng Wiss, op där allerlee Grafsteng stinn. Op all Grafstee stinn d’Nimm vun de Plazen, wou Grujelegkeete begaange goufen, z.B. Armenien 1915-1918, Cambodge 1975-1979, Bosnien 1992-1995, Ruanda 1994... Um gréisste Grafstee steet Holocaust 1938-1945. Ënnendrënner steet all Kéiers “Never again” - ni méi!

Den “Ni méi!” geet net duer

D’Karikatur weist, datt et mat engem “Ni méi!” net gedoen ass. Nëmme well deklaréiert gëtt, datt eppes net méi soll geschéien, heescht dat net, datt et net méi geschitt.

Wann ee wierklech wëll - wéi sou dacks gesot gëtt “Aus der Geschicht léieren”, da geet, no hanne kucken, net duer. Dat wëll net heeschen, datt een dat net soll maachen. Erënneren ass wichteg! Déi däischter Episod vun der Shoah däerf net vergiess ginn. An net nëmmen déi. All Bléck an d’Geschichtsbicher weist, zu wat fir Grujelegkeeten de Mënsch fäeg ass. An de Bléck an d‘Zeitung weist et och. A genee dee Lien muss gemaach ginn, wann een den “Ni méi!”eescht mengt.

D’Mechanismen hannert der Shoah als “Grille de lecture” ...

Mënschefeindlecht Denken huet net mam Zweete Weltkrich ugefaangen an et huet och net mam Enn vum Zweete Weltkrich opgehalen. Mee grad déi Period kann eng gutt “grille de lecture” bidden, fir op d’Aktualitéit ze leeën. Et kann een zwar ni d’ Vergaangenheet 1:1 mat haut vergläichen, well d’Ëmstänn ni déi selwecht sinn, mee d’Mechanismen hannert Evenementer sinn dacks änlech.

Een dovun ass d’Spléckung a verschidde Gruppen. Dat fänkt mat der Sprooch un: et deelt een d’Leit an a “mir” op där enger Säit, an a “si” op där anerer Säit, a “mir” hei an “déi aner” do. Dat ass den éischte Schrëtt. Den 2. Schrëtt ass, datt een “déi aner” iergendwéi als mannerwäerteg ugesäit. Dacks gëtt “deenen aneren” dann d’Mënschlechkeet geholl a “si” ginn als Bedreeung duergestallt, et gëtt vun “Knascht”, “Krankheet”, “Flut” a.s.w. geschwat. Wann dat bis salonsfäeg ginn ass, dann ass de Schrëtt zur Gewalt net méi wäit.

Een anere Mechanismus ass dee vum Konformismus oder vum “Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit”. Well soss jiddereen et esou mécht oder well soss keen eppes dogéint ënnerhëlt, da maachen ech et alt och esou. Am Genre: “Jidderee klappt op deen. Da kann ech jo och op e klappen.”

An et gëtt och nach de Mechanismus vum blanne Follegen ouni Hannerfroe vun enger Autoritéit. “De Chef huet gesot, also maachen ech et esou – Punkt.” D’Shoah wär net méiglech gewiescht ouni déi zeg dausend Riedercher, déi einfach fonctionéiert hunn a just dat gemaach hunn, wat se gesot kruten.

...fir sech kritesch mat haut auserneen ze setzen

Spléckung, Konformismus, blannt Follegen - dräi Phenomener, déi ee muss léieren, ze liesen, fir sech kritesch mat der Welt vun haut auserneen ze setzen. All Gesellschaft biergt Konflikter a Sträit. Den Challenge ass, datt doraus keng Gewalt entsteet. D’Erënnerung u vergaange Grujelegkeete kann dobäi de Bléck schäerfen, fir Sprengpotential ze entdecken a géigenzesteieren. Kanner, Jonker an Erwuessener sollen hir Lektür kënne maachen, hir Stëmm hiewen a sech konstruktiv asetzen. Do sinn d’Medien, d’Politik an d’Schoul gefuerdert. Mee och all eenzelen. All Dag. Op der Karikatur huet den Ed Stein ganz rechts am Eck ee Graf gezeechent, wou d’Schëpp nach dra stécht. Et wär jo schéin, wann net rëm e Graf bäikéim.