"Metaverse" entwéckelt sech weltwäit mat grousser Vitesse, och zu Lëtzebuerg. Ass grad am Moment esou eng Revolutioun amgaangen, wéi deemools, wéi den Internet sech ganz séier duerchgesat huet? A wat heescht dëst fir d’Bildung? Dëser Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte Blanche no.

Carte Blanche vum Gaston Ternes

De Präfix "meta" heescht “driwwer eraus” a "verse" bezitt sech op “Universe”, den Universum. D’Experte beschreiwen de Metaverse mat dem nächste Quantesprong a Richtung Internet 4.0, virtuell 3D-Raim, déi matenee verbonne sinn an eis esou ee perséinlechen Universum ubidden. Technologien, wéi déi digital Wärungen, Blockchain als ee Regëster, méi séier 5G-Netzwierker an den exponentielle Wuesstem vu Simulationssoftware si scho virtuell Raim, déi eisen Alldag matgestalten.

Eise Smartphone géing, innerhalb vu 5 bis 10 Joer vun Hologramm, Casque a Brëll verdrängt ginn, déi eis Zougang zu eisem perséinlechen Universum ginn, “anything, anytime, anywhere” . Nei uspriechend Inhalter gi fir eis prett, interaktiv, kollaborativ, immersiv an enger Welt, wou dat Digitaalt an dat Physescht matenee verschmëlzen.

Wéi sou oft ass d’Technologie eng Opportunitéit an eng Fal zugläich. Social Media hunn eis Welt schonn op d’Kopp gestallt. D’Implicatioune vun dem Metaverse wäerten ongläich méi grouss sinn. D’Fro ass, ob mir eis dës Kéier, besser wéi bei de Social Media, wëllen op déi nei Realitéit virbereeden. Wie wäert dësen Universum iwwerhaapt gouvernéieren? Wäerten et weiderhi grouss Boîtë sinn, déi virun allem wëlle Sue maachen? Mir wiere gutt beroden, fir als Gesellschaft matzeschwätzen, wéi de Metaverse vun der Zukunft soll ausgesinn.

Fir d’Bildung bitt de Metaverse natierlech eng grouss Opportunitéit: aktiv an op den Eenzelen zougeschnidden, et kann ee liicht an de Contenu andauchen, deen ee sech appropriéiere wëllt, Widderhuelunge sinn zu jidder Zäit méiglech, léiere kann een a klengen Häppercher; dëst sinn déi Komponenten déi d’Hierfuerschung als effizient am Léierprozess beschreift.

D’Technologie u sech ass net schlecht, mä de Gebrauch, dee mir dovu maachen, deen ass decisiv: behale mir d’Kontroll iwwert eist Liewen oder si mir just nach kontrolléiert a ferngesteiert?

Eent steet fest: wéi 2050 ausgesäit weess keen! Wéi schreift et de Yuval Harari esou treffend a sengen “21 Lektiounen fir d’21. Joerhonnert”: “Déi eenzeg Konstant ass de Wiessel”. D’Mënschheet steet virun nach ni gekannte Revolutiounen. Wéi kënne mir, eis an eis Kanner, dorobber virbereeden? Déi 4 “K” Kompetenzen “kritesch denken, kommunizéieren, kollaboréieren a kreativ sinn” hu sécher hir Wichtegkeet. Mä den Harari erkennt eng aner als besonnesch wichteg un: et ass “d’Kapazitéit sech dem Wiessel ze stellen, Neies ze léieren an de geeschtegen Equiliber an ongewinnte Situatiounen ze erhalen.”