A senger "Carte blanche" mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, Gedanken iwwert déi europäesch Sécherheetspolitik. D’EU-Staaten misste méi fir déi eege Verdeedegung ausginn, wa se global wëlle matbestëmmen, esou de Marc Glesener.

Krich oder kee Krich an der Ukrain? Zanter Wochen ass dës déi zentral Fro, mat där sech op der internationaler Bün beschäftegt gëtt. D’Vereenegt Staaten hunn schonn e puer Mol e konkreten Timing fir eng russesch Attack genannt - eng komesch Aart a Weis iwwregens, fir déi et ganz kloer strategesch Grënn wäert ginn. E bëssen esou, ewéi wann een et net kéint erwaarden.

Carte Blanche vum Marc Glesener

An der medialer Duerstellung am Westen ass et kloer, wien dee Gudden a wien dee Béisen ass. Russland, de potentiellen Aggresseur. D’Ukrain, d'Affer an e Musterschüler a Saachen Demokratie.

Nu ass et net grad esou einfach. Sécher rechtfäerdegt näischt de militäreschen Amarsch an en Nopeschland. Sécher ass och, dat d’Ukrain méi demokratesch ass, ewéi Russland.

An awer misst ee sech e bësse méi intensiv mat der Ukrain, sengen Institutiounen, der Korruptioun, an dem Oligarchen-zentréierten a pro-russeschem Wirtschaftssystem beschäftegen. En idealen Alliéierte mat EU-Perspektiv ass d’Land net. Nach net.

Wat eng Nato-Memberschaft vun der Ukrain ugeet, esou ass och dëst am Fong keng gutt Iddi. Russland an de President Putin gi mat esou Bestriewungen ëmmer méi an den Eck gedréckt an et beweegt ee sech vun deem ewech, wat no der Chute vun der Sowjetunioun ofgemaach gi war. Statt op Konfrontatioun ze setzen, wier et vläicht nees un der Zäit, als Europäer eng europäesch Sécherheetsorganisatioun ze entwéckelen. An esou een Zenario missten d'Russen agebonne ginn a d’EU-Staaten, net d’USA, de Lead hunn. Firwat keen EU-Russland-Sommet, freet ee sech?

Mä mam Lead vun den Europäer ass dat esou eng Saach. Fir sech global duerchsetzen ze kënnen an op Aenhéicht matzediskutéieren, brauch ee verdeedegungspolitesch Power. An hei happert et bei den Europäer. Militärausgabe sinn an eise Länner net populär a mir leie mat 0,8, engem oder e bësse méi Prozent vum BIP, kloer hanner all aneren, déi geopolitesch dominéiere wëllen.

Jo, Europa ass e Friddensprojet. Mä Fridde sécheren huet e Präis. Am Summer beim Sommet vun der Atlantescher Allianz geet et ëm déi strategesch Ausriichtung vun der Nato a ganz sécher och ëm d'Käschte vum Fridden. Da muss Europa Faarf bekennen. An d’Politik muss de Wieler soen, wat dat bedeit. Ënnert anerem, datt d'Sécherheets- a Verdeedegungspolitik eng zentral politesch Bedeitung huet. Mat deem entspriechenden Impakt op d’Staatsbudgeten.