Zanter Jore gëtt iwwert den ideale Wirtschafts-Modell vu Lëtzebuerg an iwwert de Wuesstem diskutéiert.

Déi berechtegt Fro gëtt opgeworf,  wéi wäit deen nach nohalteg ass. Glécklecherweis sinn nëmme wéineg Leit der Meenung, dass eisen aktuelle Wuelstand, eise sozialen Zesummenhalt an eisen héije Liewens-Standard och ouni Wuesstem garantéiert kéinte bleiwen.

Carte Blanche vum Carlo Thelen

Et gëtt also ee relativ breede Konsens an ee Bekenntnis zu engem dynamesche Wirtschafts-Modell, deen ee generéise Sozialstaat erméiglecht, mee deen awer och méi nohalteg a méi ressourcëschounend si muss, fir de kommende Generatiounen eng gesond Natur an Ëmwelt ze hannerloossen.

Et geet also drëms, fir ewech vun engem extensive Wirtschafts-Modell ze kommen, an deem de Wuesstem op engem exponentielle Verbrauch vun natierlechen, rare Ressourcë berout, fir  op ee méi effizienten, schounenden an nohaltege Modell hin ze steieren.

Sécherlech huet de klasseschen, lineare Wirtschafts-Modell de meeschte Vollekswirtschaften zanter Joerzéngte weltwäit zu méi Wuelstand verhollef a vill Mënschen aus der Aarmut befreit. Dat huet an der Vergaangenheet laang gutt geklappt, well et genuch a bëlleg Rohstoffer goufen. Haut ass dat anescht, well eben déi Rohstoffer a Ressourcen ëmmer méi rare ginn, an den negativen Impakt op d’Klima, d’Natur an Ëmwelt vun der Exploitatioun vun dëse Ressourcen ëmmer méi spierbar gëtt.

D’Ressourcë vun onsem Planéit sinn net onendlech. An dëst ass net nëmmen de Fall bei ville Rohstoffer a Gidder,  mee gëllt och ëmmer méi fir den Aarbechtsmarché, wou d’Schwieregkeete fir dat passend a qualifizéiert Personal ze fannen, och ëmmer méi grouss ginn.

Dat doraus entstoend Ongläichgewiicht tëscht Offer an Demande féiert zu Enkpäss bei der Produktioun an zu Inflatioun. Eisen Inflatiounstaux huet elo säin Héchstwäert zanter 25 Joer erreecht.

Et ass deemno wichteg d’Aart & Weis vun der Wertschöpfung grondleeënd ze iwwerdenken. D’Kreeslafwirtschaft ass e vill verspriechenden Nofollger vum lineaire Wirtschafts-Modell. D’Optimiséierung vum Asetzen a Verbrauch vu Ressourcen an eng systematesch Revalorisatioun vun de Rohstoffer, Materialien an Offäll kënnen zu engem reduzéierten Impakt op eis Ëmwelt féieren.

D’Kreeslafwirtschaft dréit net nëmmen zu engem méi nohaltege Wuesstem bei, mee kann och een neie Schwong an eis Wirtschaft bréngen, mat neien, innovative Léisungen, Aktivitéiten a Geschäftsmodeller a ville Secteuren a Beräicher.

Verschidde Pilotprojeten hu gewisen, dass d’Kreeslafwirtschaft d’Wettbewerbsfäegkeet vu Betriber, onofhängeg vun hirer Gréisst, hiren finanzielle Mëttel oder hiren Aktivitéiten däitlech verbessere kann.

Ma net zu lescht kéint Lëtzebuerg duerch ee circulaire Modell och méi widderstandsfäeg géigeniwwer gréissere konjunkturelle Schocke ginn a manner ofhängeg gi vun Importer vu verschiddene Gidder a Rohstoffer, déi an dësen Zäite rare an deier sinn.