D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, schwätzt vun der dramatescher Situatioun vu kriibskranke Kanner aus der Ukrain.

Carte Blanche vum Anne Goeres

Statistesch gesinn, missten aktuell an der Ukrain 1.000 Kanner a Jugendlecher Kriibs hunn – dovunner wären der d'Hallschent, dat heescht 500 an engem intensiven Traitement. Am Kloertext si 500 Kanner an enger Chimiotherapie oder Radiotherapie. Virun e puer Deeg ass d'Nouvelle kommt, datt déi Patienten an hir Dokteren am Keller vun de Spideeler sëtzen, an absolut onvirstellbare Konditiounen a virun allem ouni kënne weider déi néideg Traitementer ze kréien. Et ass hinne kal, se sinn hongereg a virun allem hu se immens vill Angscht.

Dank enkem Zesummeschaffe mat verschiddene groussen Institutiounen ass et zanter e Méindeg den Owend méiglech fir déi Patienten, iwwert en humanitäre Korridor a Polen ze flüchten, fir do am Spidol, weider kënne behandelt ze ginn.

Trotz der polnescher risegrousser Hëllefsbereetschaft sinn och si an e puer Deeg un hir Limitten ukomm, well esou vill nei Patiente beienee packen si net: net genuch Better, net genuch Medikamenter, net genuch Personal. An dobäi nach ze bedenken, datt d'Gesondheetspersonal allgemeng schonn anstänneg geschlaucht ass déi lescht 2 Joer duerch d'Pandemie.

Bannent vun e puer Deeg leien e ganze Koup Froen um Dësch – an hei just e puer dovun:

  • A wéi ee Land kënnen déi Patienten an hir Famille weidergeschéckt ginn?
  • A wéi engem Land hu mer wéi vill Better fräi? Wien iwwerhëlt d'Behandlungskäschten?
  • Wou kann de Rescht vun der Famill ënnerbruecht ginn? Fir wéi laang musse si all flüchten? Wien dréit déi Käschten?
  • Wéi eng Betreiung kënne mer deene Famillen an Europa bidden?

Et ass e Kampf géint d'Zäit, géint déi administrativ Hürden an awer och fir d'Liewen. Well e jonke Patient mat Kriibs kann net laang waarden a muss behandelt ginn, fir eng Chance op Iwwerliewen ze hunn.

Dat Trauregt beim Ganzen ass, datt dës Famillen net nëmmen ouni Pappe flüchten, well déi mussen zeréckbleiwe fir d'Land ze verdeedegen, mee och, datt dëst just ee Beispill ass vu ville Mënschegruppen, déi och ouni Krich genuch ze kämpfen hunn.

Mir waren all schonn déi 2 lescht Joer anstänneg gefuerdert, mee dës aktuell Situatioun verlaangt nach eng ganz kräfteg solidaresch Oder vu jidderengem, fir net just nozekucken, wéi Bierger – ob jonk oder méi al - onnëtz hiert Liewe verléieren.