Am Kader vun der Inklusiver Finanz muss och d'Spueren an den Entwécklungslänner gefërdert ginn. Dat war d'Zil vum "European Microfinance Award" vun 2020. Mä och bei eis muss ee kucken, fir effektiv an inklusiv Spuersystemer ze entwéckelen, déi alle Famillen zougänglech sinn. Dat ass besonnesch ubruecht, wou d'Spuere mam Kaf vum Eegenheem fir ëmmer méi Leit onméiglech gëtt. De Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse, Fräie Wirtschaftsberoder.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Wann ee vun "inklusiver Finanz" oder op Franséisch vu "finance inclusive" schwätzt, dann denkt ee meeschtens u Mikrokreditter an et vergësst een, datt et an der inklusiver Finanz nach vill aner Operatioune gëtt, wéi zum Beispill d'Spueren.

Hei geet et drëms Léisungen ze fannen, wéi ee kann dat wéinegt Geld, dat bescheide Leit hunn, dach nach sécher op ee Bankkont setzen, wou et och nach e Rendement kann abréngen. Weltwäit gëtt et vill Organisatiounen, déi mat enger adaptéierter a meeschtens innovativer Technologie vill Leit erreeche kënnen an dat mat ganz wéineg Onkäschten.

Esou war den "European Microfinance Award" 2020 *), deen d'Lëtzebuerger Regierung finanzéiert, ee Präis, dee bestëmmt war fir effektiivt an inklusiivt Spueren ze fërderen. Dee Präis goung un eng Entwécklungs-Bank aus dem Nepal **) déi ee spezifesche System opgebaut huet, fir a ganz Nepal déi méi bescheide Leit ze erreechen. Et fält hei op, datt grad vill Frae vun där Geleeënheet gebrauch maachen. An der nepaleesescher Landeswärung kréien déi Leit esouguer nach Zënsen zegutt geschriwwen ***), och wa se nëmme wéineg Geld um Kont hunn.

Déi Spuersystemer solle progressiv de "Pendant" vun de Mikrokreditter ginn, fir datt d'Mikrofinanz sech selbststänneg ka weiderentwéckelen.

Elo däerf een awer net unhuelen, datt d'Spuere grad ee Probleem an den Entwécklungslänner ass. Och bei eis hu mir Probleemer mam Spueren. Zënter datt et keng oder praktesch keng Zënse méi op de Spuerbicher ginn, ass et ganz schwéier, fir d'Geld nach gewënnbréngend unzeleeën.

Fir vill Famille bleift esou d’Uschafung vum Eegenheem deen eenzege Wee, fir sech ee Patrimoine opzebauen. No villen Affer a laange Joren, wou de Bankkredit zréckbezuelt ginn ass, hunn esou Famillen dach awer ee gewësse Patrimoine erspuert, mat deem si sech selwer am Alter weider ofsécheren. Da kënne si der nächster Generatioun dee Patrimoine weider ginn. Natierlech huet esou een Eegenheem an der Tëschenzäit ganz vill u Wäert zougeholl.

Elo ass et awer esou, datt déi extreem héich Präisser um Immobiliëmaart et ëmmer méi Famillen onméiglech maachen, den Dram vum Eegenheem z'erfëllen. Déi Famille kënnen da just nach am lokative Secteur eng Wunneng fannen, an amplaz ee Kredit um Eegenheem lues a lues bei der Bank ofzebezuelen, mussen déi Famille ganz héich Loyeren bezuelen. Si kënnen der nächster Generatioun net vill weider ginn, well dat wéinegt Geld wat se vläicht nach op d'Säit kënne leeën, geet meeschtens net duer, fir iergendwéi rentabel ze spueren. Grad hei wier et ubruecht nei, effektiv, innovativ an inklusiv Spuersystemer ze entwerfen, déi alle Famillen ugepasst sinn.

Wann ee gesäit, wéi d'Immobiliëpräisser wuessen, versteet ee gläich, wisou de Gruef ëmmer méi déif gëtt tëschent deene Leit, déi sech en Eegenheem konnte leeschten an deenen, déi dat einfach net kënne maachen, an dee Gruef bleift déif iwwer méi Generatiounen eraus.

*)  https://www.e-mfp.eu/european-microfinance-award-2020
**) Muktinath Bikas Bank Ltd. (MBB)
***) https://www.infine.lu/muktinath-bikas-bank-ltd-winner-of-the-2020-european-microfinance-award/

Michel Maquil
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder