Een den dem aneren hëlleft, dat mécht de Mënsch als soziaalt Wiesen aus. Grad a Krisesituatioune gëtt d’Hëllefsbereetschaft an der Gesellschaft Hoffnung. Eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Virun eppes méi wéi 2 Joer ass eng grouss Well vun Hëllefsbereetschaft an eiser Gesellschaft lass getrëppelt ginn, an Ausmoosse wéi mir d’Entraide scho laang net méi kannt hunn. Dëst, an enger Situatioun wou kee vun eis geduecht hätt sech jee erëm ze fannen - eng sanitär Kris an eise wirtschaftlech héich entwéckelte Länner mat Accès zu engem performante medezinesche System a gesonde Finanzen, grad wéi enger gudder digitaler Vernetzung. Trotzdeem huet sech d’sanitär Kris net vum Wuelstand an enger zudéifst materialistesch gedriwwener Societéit stoppe gelooss.

Wéi all d’Leit mat der selwechter Gefor confrontéiert waren, ouni Differenz tëscht Jonk an Al, Räich oder Aarm, Schéin oder Quasimodo, si mer richteg solidaresch ginn an dat humaant am Mënsch ass erëm zum Virschäi komm. Anere Mënschen déi an Nout sinn ze hëllefen, bedeit och séin eegent Leed ze relativéieren, en Zil virun Aen ze hunn a sech doduerch besser ze fillen.

Méi oder manner gutt huet d’Politik d’Situatioun geréiert, Limitatiounen an eisem Alldag an an d’Demokratie hu mir a Kaf geholl fir déi ongewinnt a beängschtegend Situatioun hoffentlech sou séier wéi méiglech an de Grëff ze kréien an zu eisem ale "gewinnte" Liewen zréck ze fannen.

Mee wat war no deenen zwee Joer vun der Solidaritéit nach iwwreg? De Mënsch ass en upassungsfäegt Wiesen, a wat exzeptionell ass, gëtt op eemol Normalzoustand.

Duerch déi politesch Lag an der Ukrain si mir op en Neits gefuerdert op eng Krise ganz anerer Natur ze reagéieren, déi ëmsou méi onmënschlech ass. Een Element wat se mat der sanitärer Krise gemeinsam huet, ass dat se och ongerecht an aleatoresch Mënschen trëfft, och wann de Selektiounskrittär e ganz aneren ass.

Zum Gléck ass nees eng immens Well vun Hëllefsbereetschaft am Gaangen, a vill Leit ënnerstëtze materiell, mat hirer Zäit oder mat anere Moyene déi Leit deenen et aktuell ganz schlecht geet. Nëmmen e puer Autosstonne vun eis ewech, an et trëfft Leit déi nach viru puer Wochen - sou wéi mir - eng quasi « normal » Existenz haten.

Et ass och nach bei anere Katastrophe mat oder ouni geografesch Proximitéit, gehollef ginn. Mee wéi laang hu mir nach d’Méiglechkeet ze hëllefen, bis mer un eis eege Limitte stoussen oder mir verschidde Ressourcë verléieren?

Wéi eng Sécherheet kann Eis den europäeschen Zesummeschloss an der Unioun nach ginn? Et ass erschreckend ze gesinn dat d’Efforte vun Hëllefsbereetschaft ëmmer zäitlech a gesellschaftlech limitéiert sinn an datt de Mënsch u sech näischt bäiléiert.