Et ass erëm Krich an Europa. Krich huet ëmmer och Folge fir d’kulturell Institutioune vun engem Land, sou och fir seng Muséeën. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

Eng Carte Blanche vum Patrick Michaely

Krich gehéiert an de Musée. Dat ass richteg. Mee als Theema! Wat bedeit et awer fir e Musée, an engem Krichsgebitt ze leien? Leider gläiche sech do d’Biller a widderhuele sech d’Zenarien, onofhängeg vu Land, Kontinent an Epoch. Am Archiv vum Naturmusée läit eng handgeschriwwe Chronik vum Muséesconservateur Marcel Heuertz, deen e ganze Krich a seng Repercussioune op Leit a Sammlunge materlieft huet. Ech zitéiere fräi iwwersat, Parallellen, mat deem, wat am Moment an der Ukrain ofgeet an nach riskéiert ze kommen, sinn net zoufälleg gewielt.

1. September 1939: An Erwaardung op dat, wat kënnt, paken ech d’Insektesammlung an déi schéinste paleontologesch Stécker an holze Këschten an, déi noutfalls mat Sandsäck iwwerdeckt kënne ginn.

10. Mee 1940: Invasioun vum Land duerch den däitschen Noper.

11. Mee 1940: Mir installéieren eng Sektioun vun der Croix-rouge an déi eidel Säll vum Musée fir eng Confiscatioun duerch d’géigneresch Arméi ze verhënneren a fir den Evakuéierten ze hëllefen, déi net wëssen wouhin.

12. Mee 1940: D’Refugiéë kommen a ganz ville Gruppen iwwer de ganzen Dag un, wärenddeem déi Däitsch an onendleche motoriséierte Kolonnen de Fëschmaart eropfueren an d’D.C.A. um Bock dréint. D’Leit aus dem Quartier kommen ons hëllefen. Meng Fra hëlleft fir Honnerte vu Refugiéen ze kachen. No enger Woch gi se a klenge Gruppen an d’Evakuatiounszentre vum Land transportéiert. D’ganzt Personal vum Musée huet mat Devouement gehollef, och d’Famill vum Concierge, déi selwer huet misse flüchten an elo am Musée wunnt.

22. Mee 1940: De Musée gëtt vun der Wehrmacht als Frontsammelstell requisitionéiert. Iwwer 1.000 Zaldote gi logéiert. Vill Knascht an Duercherneen.

28. Mee 1940: Ech loossen déi grouss Këschten mat den Insekten- a Paleontologiessammlungen a mäi Büro an an d’Bibliothéik transportéieren. D’Zaldote gi méi rar a mir botzen.

12. an 13. Juli 1940: E Grupp Muséesleit vum däitsche Besëtzer loosse sech d’Gebai an d’Sammlunge weisen. Ech weess näischt vun hire Projeten, kee Communiqué, kee Wuert vun hiren Absichten. Ech spieren, datt déi auslännesch Sammlunge si besonnesch unzéien. Ech setze mech mat allen Argumenter fir hiert Bleiwen an onsem Musée an.

Dezember 1940: Well de Musée nach am Ëmbau ass, plange mir de Reamenagement esou an d’Längt ze schleefen, datt en net virum Depart vum Besëtzer fäerdeg gëtt an esou enger politescher Inauguratioun aus dem Wee geet.

Abrëll 1943: De Besëtzer verlaangt no enger Ausstellung “Aus de Schätz vum Musée”. Mir versichen all politesch Allusiounen an der Ausstellung ze vermeiden.

17. Mäerz 1944: Aus Angscht, datt d’Sammlungen éischter duerch den Transport an d’Fiichtegkeet abiméiert géife ginn, wéi duerch e Loftugrëff, hat ech si bis elo nach net an de Keller erofbrénge gelooss. Well d’Gefor klëmmt, ginn déi onersetzbar Vullen- an Insektesammlungen an de Keller bei d’Heizung bruecht.

16.12.1945: Eng nei Offensiv vun den Däitschen. Et si Woche voller Terror. D’Stad ass bedreet an dem Bombardement ausgesat. Dem Musée geschitt näischt.

8 Abrëll 1945: De Krich ass hei am Land op en Enn. Mir maachen déi éischt Ausstellung fir de Public op.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker, Coordinateur vum Science Festival an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun. Hien ass Member vum lëtzebuergesche Comité vum International Council of Museums.

Artikel um Site vun The Associated Press, deen op d’Situatioun an ukrainesche Andrey Sheptytsky National Museum opmierksam mécht