Eis Psyche gëtt de Moment nawell staark gefuerdert. Rausgoen an d'Natur an de benevollen Engagement si gutt Mëttelen. fir d'Flemm, d'Frustratiounen an de Pessimismus ze iwwerwannen.

Carte Blanche vum Francis Schartz

Eis Psyche gëtt de Moment nawell staark gefuerdert. Zousätzlech zu eise perséinleche Problemer, komme vu baussen eng ganz Rei vu Problematiken op eis duer. D'Pandemie schéngt ofzekléngen awer riskéiert am Hierscht rëm zouzeschloen, de schreckleche Krich an der Ukrain, déi droend Energiekris an dann net ze vergiessen, de Klimawandel an de Verloscht un Biodiversitéit belaaschten eis permanent. Den Eenzele fillt sech machtlos, frustréiert a veronséchert. Net wéinege Leit geet et schlecht, neijen zum Pessimismus a riskéieren, depressiv ze ginn.

Elo wou d'Fréijoer sech ukënnegt an d'Natur rëm erwächt, gëtt et ee gutt Géigemëttel dogéint. Amplaz sech virun der Tëlee duerch all déi grujeleg Biller a Prognose geckeg ze maachen, kann ee raus an d'Natur goen. Eréischt an engem ganz kuerzen Abschnitt vun der Mënschheetsgeschicht verbrénge mir eist Liewen a Büroen, Atelieren, Fabricken, op der Strooss a virun der Tëlee. Zanter zeg dausend Joer hunn eis Virfueren an a mat der Natur gelieft an all eis Sënner hu sech deem ugepasst. Dofir deet et eis sou gutt, wa mir an de Bësch ginn, d'Natur mat all eise Sënner erliewen an eis einfach freeën un hirer Schéinheet. Wat ee gutt Gefill kritt een, wann ee vun enger Éisleker Kopp erof an de Sauerdall kuckt oder aus de Wéngerten erof op d'Musel. Mir sinn hei am Land immens verwinnt mat eisen herrleche Landschaften, déi mir mat deene gutt baliséierte Weeër duerchwandere kënnen.

Mir hunn hei a Lëtzebuerg net nëmmen eng immens Chance mat eiser schéiner Natur, mä och mat eisem Wuelstand, mat eisen Institutiounen, déi funktionéieren, mat eisem soziale Fridden, mat eiser relativ biergernoer Demokratie. Dat alles si keng Selbstverständlechkeeten. Dofir ass dëst och keen Opruff fir just egoistesch eis Virdeeler ze genéissen, ganz am Géigendeel. Sech kritesch engagéiere fir d'Erhale vun eisen Institutiounen, eisem Wuelbefannen, eiser Ëmwelt an dem Klima ass haut méi wichteg wéi jee. A vu dat et eis relativ gutt geet hu mir och eng Verantwortung fir déi, déi manner Chance hu wéi mir: den Aarmen vun heiheem, de Leit op der Flucht an deenen, déi an hire méi problematesche Länner mussen iwwert d'Ronne kommen. Niewen dem Rausgoen an d'Natur ass och de benevollen Engagement ee gutt Mëttel, fir d'Flemm, d'Frustratiounen an de Pessimismus ze iwwerwannen.

Francis Schartz

President vun der Initiativ fir Nohaltegkeet.