Déi grouss Solidaritéit mat den ukraineschen Flüchtlingen, leider nëmmen mat den ukraineschen, huet ewell schonn hir Kritiker fonnt, erzielt den Paul Hammelmann a senger Carte blanche. (Fir mäi wäertvolle Frënd Jacques Poos †)

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Lo hat ee gemengt, no der Iwwersättegung mat den abstrusen an hirnverbrannten Theorien vun den Impfgéigner, mir géifen et zu Lëtzebuerg mol endlech erëm mat engem élan de solidarité  an echtem Humanismus ze di kréien mat deenen trotzdeem – am Verglach mat aneren Flüchtlingen – villen Hëllefsaktiounen fir Krichsrefugiéen aus der Ukrain…a schonn kommen se erëm aus hiren Lächer mat Haasskommentaren vun tektonescher Dommheet an Ignoranz.  Dat huet ugefaangen mat „Russe-bashing“ bei de Kanner an der Schoul an fënnt elo schonn säin provisoreschen Héichpunkt an den asozialen Medien mat Jalousie an reegelrechtem Eekel virun deem Friemen.

„Firwat kréien déi alles nogehäit?“ – „Firwat hunn déi en Job obschonn se kee Lëtzebuergesch kënnen?“ – „Firwat liewen déi gratis bei eis?“, sinn nëmmen déi harmloost Bemierkungen op dem Site vun enger Gratiszeitung zu Lëtzebuerg, déi zu deem Punkt Kommentaren huet missen zoumaachen. Lo hunn dann och eis national "Covidioten", deenen Feller jo dovun schwammen, an hirer Kretinositéit de Sujet entdeckt an verbreeden russesch Staatspropaganda als „alternativ“ Fakten.

Grousst Lous vun der Degenereszens awer zitt den Här Elon Musk deen, nodeems hien de Weltall privatiséiert an versaut huet, den Här Putin zum Duell erausfuerdert.

Fata Morgana live und in Farbe.

Psychiaterin an Geriichtsexpertin Heidi Kastner beschäftegt sech an hirem Buch „Dummheit“ *mat eben just dësem Phänomen a betount, datt se nach ëmmer, och virum postfakteschen Zäitalter, bestanen huet. Beispiller sinn Hexeverbrennungen an Judenpogromen.

De polneschen Poet Stanislaw Jerzy Lec sot emol: „Analphabeten mussen diktéieren“, an diktéieren muss een nun emol haart maachen, dofir sinn et déi am Mannsten wëssen, déi déi am haartste jäizen.

Dommheet, mengt Mme Kastner huet deementspriechend net zougeholl, se ass a bleift e festen Bestanddeel vun eiser Condition humaine.

Nei dobäi ass dat se salonsfäeg ginn ass an dat déi Bildungsresistent sech net méi schummen hiert „Wëssen“ ze verbreeden, besonnesch wann si kënnen anonym bleiwen.

Dofir luewen ech mer esou couragéiert Leit, déi à visage découvert hier Meenung soen, wéi Marina Ovsyannikova déi bei der russescher Staatstelé „Pervi Kanal“, live an um Plateau, géint de Krich protestéiert huet, de Buergermeeschter vun enger ukrainescher Grenzstad aus Polen deen dem Matteo Salvini säin Putin d'T-shirt virun Nues hält oder och nach den sympatheschen Mënsch deen dem Kryptofaschist Eric Zemour en réit Ee um Kapp zerquëtscht.

* „Dummheit“ vum Dr. Heidi Kastner, Psychiaterin und Neurologin – Verlag Kremayr & Scheriau