Zanter e bëssen méi wéi 4 Wochen hu mir an Europa nees e Krich an zwar en Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain. Der EU, der UNO, der NATO stinn duerch dës Situatioun grouss Erausfuerderungen an d'Haus. Besonnesch d'Europäesch Union gëtt gepréift a gefuerdert. De Marc Hoster mat e puer Iwwerleeungen zum Krich an der Ukrain an den internationale Konsequenzen.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Zanter 2008 ass d‘Europäesch Union mat e puer klengen Ënnerbriechungen, dauernd an enger Aart Krisemodus, wou Pompjeeë geruff ginn: Wirtschafts- a Finanzkris no 2008, Migratiounskris vun 2015, Rechtsstaatlechkeets-Kris vu 2016, de Brexit a seng Konsequenze vun 2016, Covid-Kris vun 2020 bis haut, an elo de Krich an der Ukrain mat all senge Konsequenzen op d’Unioun an op hir eenzel Länner.

Eng vun de Konsequenze vun dësem dauernde Krisemodus ass et awer, dass all d'Projeten, déi fir d'Zukunft vun Europa wichteg sinn, net esou duerchgezu kënne ginn, wéi se sollten. De Krisemodus ass ganz uewen um Agenda a leider net dat Perspektivescht wéi eng konsequent Ausernanersetzung an Ëmsetzung vum Juncker Plang an déi  ökologesch an digital Transitiounen.

Am Ënnerscheed mat deenen anere Krisen wërft d'Ukrain-Kris awer och eng fundamental Fro an Europa op: Wéi hale mer et mam Fridden?

De Fridden an Europa an ëm Europa ass net nëmmen Deel vun DNA vun de Wäerter vun der Europäescher Union, mee et ass den Haaptbestanddeel, nämlech d'DNA-Leeder - d'Architektur un därer alles aneschter hänkt.

An deem Kontext, ass mer eng Entrevue nees an de Kapp komm, déi ech viru 5 Joer op enger Missioun an engem vun deenen neie Länner aus der EU mat engem Buergermeeschter vun enger grousser Stad hat, wou hie mir sot: „Mir kenne villäicht déi Europäesch Gouvernance zu Bréissel, Lëtzebuerg a Stroossbuerg net gutt, mee dofir historesch déi zu Moskau an déi zu Istanbul an déi si sécher net vun der west-däitscher Friddensbeweegung gepräägt an och net vun de Wäerter vun der EU.

De Fridden an Europa ass Grondviraussetzung vun eisem Zesummeliewen, eisem wirtschaftlechen Developpement a vun der sozialer Kohäsioun a vun der Weiderféierung vun eisen europäesche Wäerter.

Mir mussen eis institutionell an och all eenzele froen, ob mir dat néidegt gemaach hunn, fir de Fridden, dee mer déi lescht 77 Joer sou gesot „by the way“ hunn dierfte genéissen.

Mir kënnen net ëmmer an nëmme Pompjeeë ruffen, wann et brennt, mee mussen och un Architektur goen, fir dass eist gemeinsaamt Haus méi robust a feierfest gëtt.

Déi néideg Pläng heifir mussen ëmgesat ginn, eis Engagementer musse mer anhalen, well et gëllt de Fridden ze schützen, net nëmme bei eis, mee och fir déi ronderëm eis, besonnesch fir déi nächst Generatiounen.

(Citatioun fräi op lëtzebuergesch iwwersat vum Jacques Delors)