A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Ex-Deputéierten, haut iwwer präventiv Ëmwelt-, Ernierungs- a Gesondheetspolitik.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, No iwwer 2 Joer Covid, an deenen domat verbonnenen Ängschten, Virschrëften an Aschränkungen, no all deenen Diskussiounen, Decisiounen an och Manifestatiounen kéint ech gutt verstoen, datt déi meeschten vun Iech elo erliichtert sinn, fir zumindest e puer Wochen net méi esouvill vun dësem héichemotionalen Thema héieren ze missen.

Dofir wëll ech an dëser Carte Blanche och elo hei net méi direkt op dëse Sujet agoen, ausser kuerz op een Aspekt, deen mer wichteg schéngt, nämlech d’Wichtegkeet vun engem staarken, engem performanten Immunsystem.

An dat, well et fir Akut zanter laangem kloer ass, datt e gudden oder awer schwaachen Immunsystem eng essentiell Roll spillt och bei villen aneren, deels ëmweltbedéngte chronesche Krankheeten wie Asthma an Otemweeerkrankungen, Allergien an Autoimmunitéit, Kriibs oder Diabetis. Eng gutt an ëmfaassend präventiv Ëmwelt- a Gesondheetspolitik an e staarken Immunsystem wieren déi beschte Viraussetzungen, fir vill vun dëse Krankheeten vun Ufank un ze verhënneren oder se an hirem Verlaf ofzebremsen, an dat op d’Originn, Ursaach vun dëse Krankheeten chemesch, physikalesch oder biologesch- mikrobieller Natur ass.

Et ass bekannt, datt eisen Immunsystem an domadder verbonnen och eis neurologesch, psychesch an endokrinologesch Regulatiounssysteemen eise Kierper méi oder manner effikass kënne protegéieren, jee no individuelle geneteschen Dispositiounen, mee awer och a grad ofhängeg vun villen Ëmweltfacteuren an Ëmweltbelaaschtungen, vun enger méi oder manner gesonder Ernierung, eisem Liewensstil oder psychosozialem Stress, deene mer all Dag méi oder manner staark ausgesat sinn.

Dat alles erkläert, firwat z.b. elo bei Covid vill Leit ugestach konnte ginn, vill oder esouguer déi meeschten awer net vu schwéiere Formen betraff waren, an dat selwecht gëllt jo bekanntlech och bei deene virdrun erwäänten anere Krankheeten, ob Allergien oder Kriibs.

Bei Allergien ass jo bekannt, datt et Ausléiser gëtt, déi bekannt sinn, deene jiddereen kann ausgesat sinn an trotzdeem leit just e gewëssenen Undeel vun der Bevëlkerung ënnert deenen diversen Allergien oder Onverdréiglechkeeten.

Bei praktesch all dëse villfältege Krankheete spille kloer Dysfunktioune vun eisem Immunsystem an Dysfunktioune vun eisem Daarmmikrobiom eng entscheedend Roll an dofir musse grad si am Zentrum stoen vun all seriéiser präventiver Ëmwelt- Ernierungs- a Gesondheetspolitik.

Vun esou enger noutwendeger präventiver Gesondheetspolitik, dat mengen mir vun Akut, si mer leider awer nach ëmmer ganz weit ewech.

Jean Huss

President vun AKUT