"De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert", sou de Karl Popper an "Die offene Gesellschaft und ihre Feinde" aus dem Joer 1945. An sou e Versuch - ausgeléist um Hannergrond vun der Hybris vun enger Persoun - leeft zanter dem 24. Februar an der Ukrain – dozou Iwwerleeunge vun eisem Hausphilosoph, dem Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Ee Mount duerno sëtzt de Schock nach ëmmer déif, allzäit bei mir. Doriwwer dat ee Mënsch duergeet, fir global déi ganz ziviliséiert Welt ze iwwerraschen an ze verletzen. Doriwwer, wéi muechtlos Weltreligiounen a G7-Natiounen do stinn an net wëssen, wéi se déi Verbriechen, déi e veriertent Schof am Numm vun der Gerechtegkeet an der Geschicht ausféieren, verhënnere kéinten. Doriwwer, wéi present déi Gefor vum Krich op der Welt, an Europa – also och hei zu Lëtzebuerg – wierklech ass. Doriwwer, wéi äiskal, skrupellos, minutiéis a rigouréis sou eng Aktioun net nëmme geplangt, mee och nach duerchgezu gëtt. Doriwwer, wat alle geschéie muss, datt ee Präsident bereet ass, senger Hybris mat 69 Joer nozegoen, fir an de Geschichtsbicher ze stoen.

Jonk Russen – déi matten am Liewe stinn – fir genau dat Liewen ze loossen am Kampf géint hir eegen Heemecht – fir sech selwer stierwen se als Helden a fir all déi aner en absurden Doud, am Camus sengem Sënn. Och wann et net gelongen ass, fir déi ziviliséiert Welt ze immobiliséieren, respektiv ze paralyséieren, sou sinn d'Äntwerten - virun allem déi vum Westen, fir d'Nato net ze nennen - en diplomatescht Danzen op Eeër, fir net vum Spill mam Feier ze schätzen.

Virun allem d'Reaktioune vum grousse russesche Bier, dee wuel net domadder gerechent hat, dat souwuel EU, d'USA, d'Nato, wéi och all déi aner mënscherechtsfrëndlech gesënnten Natiounen, esou solidaresch a radikal dës Offensiv géife verurteelen. A fir déi éischte Kéier net nëmme verurteelen, mee doriwwer eraus och ganz konkret Sanktioune geholl hunn an huelen, fir dem Bier den Hunnegkrunn zouzedréinen. Ass dat, wat mer do gesinn, wierklech Krich oder Terrorismus op engem ganz aneren Niveau - am Sënn vum Carl von Clausewitz: "De Krich wier just eng Weiderféierung vu Politik mat anere Mëttelen"[1]. Ech erënnere bei dëser Geleeënheet um Sting säi Welthit "Russians".

Ee gudde Mount virun de Violatioune vun internationale Rechtsprinzippien a Verträg hat ech selwer, hei op der Antenn, e puer Iddie fir d'Zukunft meng Stemm ginn: "Rethink humanity". Zwee Méint duerno ass traureg kloer: déi gréisst Investitiounen an de noer Zukunft ginn erëm, diplomatesch ausgedréckt an d'Verdeedegung vum Fridden an eise Wäerter gestach. Méi éierlech ass a bleift et awer ze soen, datt Suen an d'Waffenindustrie gestach ginn, woumadder déi Fuerschung a Recherche erëm ugekuerbelt gëtt. Gefillt ginn déi weltwäit Bestriewungen no Fridden, Gerechtegkeet a Selbstbestëmmung ëm 70 Joer zréckgeworf - "Back to the future" souzesoen, oder wéi et am Monopoly heescht: 'Gehe nicht über Los und beziehe keine Euro/Rubel/Dollar/Yen...'.

Wien bis ewell iwwerzeegt war, eis Wäerter wiere geséchert an déi "Comfort-zone" kéint och keen eis méi huelen, dee gouf leschte Mount eppes bessere beléiert. Vläicht muss den Europäer, deen allze dacks wéi eng Mued am Speck lieft, eben sou vu senger dogmatescher Mëttesrascht erwëscht ginn – änlech wéi beim Goya: wou de Schlof vun der Vernonft bekanntlech Monster ervirbréngt. Wien sech dës Ongeheier net virstelle kann, dee brauch just Biller vun de leschte sechs Wochen aus der Ukrain ze kucken.

Wa mer eis Wäerter an Idealer net selwer vun Zäit zu Zäit a Fro stellen, da kommen anerer, déi se direkt mat Gewalt wëllen ofschafen. "Das Unbehagen in der Kultur" ass net nëmmen den Titel vum Freud senger kulturkritischer Schrëft aus dem Joer 1930, mee trëfft och iergendwou den Nerv vun eisem Zäitgeescht. Et soll och drun erënnert ginn, dat de Freud dräi Joer méi spéit eng Aart Fortsetzung geschriwwen hat, mam Titel "Warum Krieg?".

Am meeschte géif ech mer wënschen, et wier en Abrëllsgeck - e ganz schlechte wuelgemierkt. Leider ass deem net sou, an de batteren Nogeschmaach vun dëser Aggressioun wäerte mer nach Joerzéngten net lassginn. Oder fir mam Karl Popper opzehalen: "De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert."

Annexe:

De ganze Satz vum Karl Popper (österreichisch-britischer Philosoph, 1902 - 1994) a sengem Buch "Die offene Gesellschaft und ihre Feinde" (1945): „der Versuch, den Himmel auf Erden einzurichten, erzeugt stets die Hölle. Dieser Versuch führt zu Intoleranz, zu religiösen Kriegen und zur Rettung der Seelen durch die Inquisition.“[2]


[1] "Der Krieg ist eine bloße Fortsetzung der Politik mit anderen Mitteln.“ – Carl von Clausewitz (1780 -1831) : Vom Kriege, Buch I, Kapitel 1, Abschnitt 24

[2] Die offene Gesellschaft und ihre Feinde. Band II, Mohr/Siebeck, Tübingen, Edition 1992.