Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.

Nodeems de Robert Weber sech an senger Carte Blanche zum Ufank vum Joer mat dem Fridden op der Welt beschäftegt hat an opgefuerdert huet nozedenken an och matzedenken, sti mer elo virun de Schierbele vun der Politik.

Carte Blanche vum Robert Weber

Nodeems eis elo d’Realitéit mam Krich vun de Russen an der Ukrain ageholl huet, nodeems d’EU méi solidaresch zesummegeréckelt war, si mer e Mount méi spéit erëm am Gaangen, eng Politik vum „ Chacun pour soi " ze maachen. An eis gréisste Suerg ass d’Präisdeierecht ginn.

D’Amerikaner soen eis, wéi mer mat dem Krich ëmzegoen hunn. De Putin freet sech iwwert all Telephonsgespréich aus der EU - och aus Lëtzebuerg – an ass gebauchpinselt. Eng europäesch Äntwert gëtt et net. Eng europäesch Politik gëtt et net.

Dobäi wär d‘Zäit méi wie räif, fir just elo méi Europa. D‘Staats- a Regierungscheffen stelle sech selwer eng Datz aus. Si presentéiere sech mat vill Pomp a ginn eidel Deklaratiounen of. D‘Mëttelméissegkeet ass net ze iwwertreffen.

De Putin huet nach net eng Kéier mat der EU geschwat, hien huet nach ni vun sech aus e Staats- a Regierungschef ugeruff. Hien interesséiert sech weder fir de President vun den EU-Staats- a Regierungscheffen nach fir den aussepoliteschen Responsabele vun der EU.

Mir wëllen awer eis grouss Wäerter der ganzer Welt operleeën. Mir wëllen dat Paradebeispill vun Demokratie op der Welt sinn. D’EU ass en zesummegewierfelten Duercherneen, deen op der Welt nëmme wirtschaftlech Interessen ausstraalt. Politesch null. Dat gesäit leider keen Staats- a Regierungschef an. Fir si ass wichteg, dass si wichteg sinn an dass si an hire Länner erëmgewielt ginn.

Ebe Mëttelmooss!

Awer zréck zu eise Problemer.

Inflatiounsbekämpfung gëtt et net. Dat ass keen Thema an der EU an och heiheem. Wéi d‘Staats- a Regierungscheffen iwwert e maximale Präis beim Elektresch, Pëtrol an Gas diskutéiert hunn, dës Fuerderung loung vun e puer Länner um Dësch, du sinn di grouss Cheffen sech net eens ginn.

Lëtzebuerg war iwwregens och e grousse Bremser. D’LSAP an eiser Regierung huet dëst Thema anscheinend net interesséiert an di Greng wénke souwisou alles duerch. An Europa herrscht de politeschen „Laissez faire, laissez aller“. Dës liberal Politik heescht, keen Agrëff an de Maart. De Maart reegelt alles selwer. An de Bierger soll brav bezuelen.

An der Tripartite gouf vill iwwert den Index geschwat. Et goung jo och nëmmen drëm, fir den Index auszebremsen. Iwwert Inflatiousbekämpfung koum näischt. Di puer Grimmelen, déi fir de Bierger sinn, sollen doriwwer ewechtäuschen, wéi aarmséileg d’Politik zu Lëtzebuerg ass.

Ebe Mëttelméisseg!

De soziale Fortschrëtt fält net vum Himmel. Dee muss erkämpft ginn! Vum Himmel falen nëmme Bommen an och do weisen d’Ukrainer op eng magistral Aart a Weis, dass de Bierger dat net däerf akzeptéieren.

Si kämpfe fir hir Fräiheet, fir Demokratie a Fortschrëtt, fir hir Iddi.