Säit de Krich ausgebrach ass, stréime Flüchtlingen aus der Ukrain op Lëtzebuerg. D'Solidaritéit ass grouss, mee leider gëtt et och problematesch Nieweneffekter. E puer kritesch Gedanken an en décke Luef.

Zanter dem Ausbroch vum Krich an der Ukrain hu ronn 4.000 Ukrainer sech beim Ausseministère gemellt, fir temporär Protektioun bei eis unzefroen. 1.400 goufe bis ewell enregistréiert a hunn elo fräien Zougang zum Aarbechtsmaart. Flüchtlingen, déi de Statut laut Genfer Konventioun ufroen, kënnen awer fréistens no sechs Méint mat enger spezieller Erlabnis schaffen, déi  seelen ausgestallt gëtt. Hei ginn zwou Klasse vu Flüchtlinge geschaaft. Onverständnes, Frustratioun a Roserei maachen sech ënnert den "normalen" Flüchtlinge breet, doduerch verstäerkt, dass op emol eng sëllege Privatleit a Gemenge Wunnraum zur Verfügung stellen, dee fir Flüchtlingen aus anere Krisegebidder bis elo net disponibel waren.

E Guichet Unique erlaabt et den Ukrainer, op der selwechter Plaz temporär Protektioun beim Immigratiounsministère unzefroen, Informatioune vum Office National de l'Accueil iwwer staatlech Hëllefen ze kréien, iwwert d‘Aschoulung an d'Betreiung vun de Kanner vum Erzéiungsministère beroden ze ginn. Eng super Initiative, mee firwat gëtt et esou e Guichet Unique nëmme fir déi eng, an net fir déi aner?

D’Ukrainer kréien, ewéi all déi aner Flüchtlingen an der Asylprozedur, 25 Euro Täschegeld de Mount op de Kapp an hu wéi all déi aner weder Recht op finanziell Sozialhëllef nach op Kannergeld. Den Drang hei ze schaffen oder zréck an d'Heemecht ze goe gëtt esou sécher mat der Zäit ëmmer méi grouss. Wat geschitt, wann de Krich an der Ukrain sech iwwer Méint oder esouguer Joren hinzitt an ëmmer manner Mënschen zréck wëllen oder kënnen? Déi déi schaffen, kënne fir sech opkommen, mee all déi aner? Wat geschitt mat deenen, déi net schaffe kënnen - eeler Leit , Mënsche mat engem Handicap oder mat Gesondheetsproblemer? Si hu jo net de Statut vum unerkannte Flüchtling an dofir och keen Urecht op sozial Hëllef ewéi de REVIS.

Vill Leit zu Lëtzebuerg hunn hiert Doheem d'Ukrainer opgemaach, eng exemplaresch an noutwendeg Solidaritéit, ouni déi mer si all net hätten esou schnell ophuelen. Mee dës Gaaschtfrëndschaft gëtt finanziell net ënnerstëtzt, mol net symbolesch. Keng Hëllef ass virgesinn, weder wann een Ukrainer, nach Mënschen an der Flüchtlingsprozedur bei sech ophëlt. Wou logéiere mer all dës Mënsche wann de Krich méi laang dauert? Sinn déi vill privat Leit bereet, hir Wunneng iwwer Méint, Joren ze deelen ? Et sief drun erënnert, dass d'Hallschent vun alle Bewunner vun Asylantenheemer am Land de Statut vum unerkannte Flüchtling hunn. Si fannen awer um Wunnengsmaart näischt, wat si sech leeschte kënnen. En Defi, deen elo mat deene ville Flüchtlingen aus der Ukrain nach méi grouss ginn ass.

Op kommunalen Niveau misste Koordinatiounsgruppe geschaaft ginn, déi d'Hëllef, d'Saachspenden, Veräiner an d'Benevolat an de Gemenge koordinéieren. Wou een op nationalem Niveau séier den Iwwerbléck verléiert, behält een um lokale Plang éischter alles am Bléck.

Zum Schluss nach e grousse Luef un all déi vill Benevollen hei am Land – op Lëtzebuerger oder Auslänner - déi sech mobiliséiere fir ze hëllefen. Beim Sproocheléieren, bei der Integratioun an d'Gemengeliewen, bei der Kannerbetreiung, der Aarbechts- a Wunnengssich, beim Sortéieren a Verdeele vu Kleeder, bei Ausflich iwwer Land fir Lëtzebuerg an seng Kultur ze entdecken a bei Villes méi.

Solidaritéit, géigesäiteg Hëllef an Entgéintkomme sinn d'Fundamenter vun eisem Zesummeliewen.