Wie vun eis all hätt virun dräi Joer geduecht, datt eis Welt sech esou séier an esou grondsätzlech géif änneren. Fir d'Éischt e klinzegklenge Virus, dee kee gesäit, deen awer d’ganz Welt dirigéiert, vill Leed bruecht huet an eist dagdeeglecht Liewen zënterhier bestëmmt. An elo zënter bal zwee Méint e barbaresche Krich matzen an Europa, wou Russland mat sengem President Putin de fräien a souveräne Staat Ukrain iwwerfält an onmënschlech vill Leed iwwert dat bis elo fräit Vollek bréngt. Eng Carte Blanche vum Gast Gibéryen.

Carte Blanche vum Gast Gibéryen

Déi zwou Realitéiten, Virus a Krich, missten eis awer och elo d'Aen opgemaach hunn, wéi eise gesellschaftlechen a wirtschaftleche System, ausgeriicht op renge Profit a Wuesstem am Kader vun der sougenannter Globaliséierung, eis als Europa an d'Ofhängegkeet bruecht hunn. Sief dat d'Versuergung mat Energie, Liewens- oder Fuddermëttelen, d'Produktioun vu Medikamenter a fir eis Ekonomie um Funktionéieren ze hale mat wichtegen technologeschen Deeler an nach villes méi.

Russland a China hunn et verstanen, eis mat System, mat schéinem Laachen, mat geziilten Investitiounen a mat hoféiere vun eise Spëtzestaatsmänner a Lobbyisten aus der Ekonomie an dës Ofhängegkeet ze bréngen. Ganz schlëmm ass awer, datt dës Staaten aktiv a pensionéiert Politiker aus Europa a fir si strategesch wirtschaftlech wichteg Betriber a Verwaltungsréit placéiert hunn.

Net nëmmen, awer virun allem Sozialdemokraten – mir soe Sozialisten – hu géint eng sécherlech net oninteressant Indemnitéit dës Funktiounen iwwerholl. Kloer misst et jo all Mënsch sinn, datt déi zwou kommunistesch Diktaturen, déi dëse Leit mat System queesch duerch Europa gutt bezuelte Poste verschafen, dat net maachen, fir datt déi d’Interesse vun eis a vun Europa géigeniwwer hinne vertrieden. Nee, de Géigendeel ass de Fall! Si mussen hiert Wëssen an hiren Afloss hei – fir eng gutt Pai – géint eis Interessen asetzen.

Dës Aktivitéiten a chineeseschen a russesche Verwaltungsréit kéint ee scho bal als gutt bezuelten Handlaanger vun diktatoresche Regimmer an als modern Spionage bezeechnen a misst direkt gestoppt ginn.

Mir all a virun allem d’Politik musse staark an direkt ëmdenken an eis aus der Ofhängegkeet eraushuelen. Europa spillt hei eng enorm wichteg Roll a ka vill vu senger Glafwierdegkeet erëmgewannen.

Et ass kee Wee, dee kuerzfristeg an ouni Konsequenze fir eis all ze realiséieren ass, mee et ass e Wee, dee mir musse goen, dat muss ons eis Demokratie a Fräiheet wäert sinn.