An der Woch virun der Vakanz hat d'Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwer déi nei ëffentlech international Schoulen an hir alternativ Sproochcurriculaen. Dobäi ass vergiess ginn, datt Bildungspolitik och Sproochepolitik ass, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.

Carte Blanche vum Fernand Thelen

A leschter Zäit ass kaum nach iwwer d'Alphabetiséierung an zwou getrennte Filièren: déi eng op Däitsch, déi aner op Franséisch, diskutéiert ginn. Mee de Minister Meisch huet Neel mat Käpp gemaach. An deene leschte sechs Joer huet en sechs sougenannt international Schoule kreéiert, an deenen et esouguer dräi parallel Alphabetiséierungsfilièren op Däitsch, Franséisch an Englesch gëtt. D'Demande ass enorm an haut gi scho méi wéi 5% vun de Grondschoulkanner an esou eng Schoul. Virun der Vakanz ass dëse System vun der Chamber guttgeheescht ginn an doriwwer eraus ass eng alternativ franséisch Alphabetiséierung als Pilotprojet a reguläre Schoulen ugekënnegt ginn.

Virun zirka zwanzeg Joer ass d'Lëtzebuergesch zur Integratiounssprooch vum Land deklaréiert ginn. Zanterhier gëtt et och ëmmer méi an der Schoul als Kommunikatiounssprooch benotzt, ouni als Fach enseignéiert ze ginn. Haut hunn zwee Drëttel vun de Kanner an der Grondschoul eng aner Sprooch wéi Lëtzebuergesch als Haaptfamilljesprooch. Wéi sollen déi dann elo Lëtzebuergesch léieren? De Wee dohi féiert iwwer d'Lëtzebuergesch als Friemsprooch. An wann ee realistesch ass, muss dat op Käschte vum Däitsche geschéien, well d'Proximitéit vu béide Sproochen hiert gläichzäiteg Léiere ganz komplizéiert mécht.

En Dogma vun onsem Schoulsystem war bis elo, datt d'Kanner am Cycle 1 – also an der Spillschoul – Lëtzebuergesch léieren an datt se dat als Sprangbriet fir d'Alphabetiséierung am Däitsche benotze kéinten. Datt dat net fonctionéiert, ass zanter Laangem gewosst an och neierdéngs vun der Uni wëssenschaftlech beluecht. Dorausser gëtt d'Conclusioun gezunn, et misst een am Cycle 1 mat Däitsch ufänken. Dat ass awer dee falsche Wee. Den aktuelle System scheitert net nëmmen un der Proximitéit vum Lëtzebuergeschen an Däitschen, mee och dorunner, datt d'Däitsch an der Liewenswelt vun zwee Drëttel vun de Kanner guer net virkënnt.

Onse Schoulsystem baséiert op enger Dräisproochegkeet, déi et haut ausserhalb vun onser nationaler "Bubble" net méi gëtt. Amplaz dëser nozekräischen, wéi eenzeler et an der Chamber gemaach hunn, musse mer ons de neie sproochleche Realitéite stellen an agesinn, datt ons Schoul ze vill Zäit an d'formal Léiere vu Sproochen investéiert.