Iwwermuer ass Ouschteren. Wat bedeit dat Fest? A wat si seng Bräich? Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Ouschteren, dat wichtegst Fest vum Kierchejoer! Gefeiert gëtt d’Opersteeung vu Jesus Christus, deen no senger Hiriichtung um Kräiz op Karfreideg, ageet an en neit, verkläert Liewen – wat och alle Gleewegen als Perspektiv an Aussicht gestallt gëtt. Inhalt vum Fest deemno, am Resumé: D’Liewe setzt sech duerch géint den Dout.

Zwar gouf um 1. Ökumenesche Konzil zu Nicäa am Joer 325, no engem Ouschterfeststräit, en eenheetlechen Ouschtertermin dekretéiert a berechent en fonction vum jeeweilege Fréijoersvollmound. Mä spéider hunn déi verschidde Konfessioune sech nees ausernanerdividéiert an hunn haut ënnerschiddlech Ouschterterminer: déi eng, mir, well se am 16. Joerhonnert de Gregorianesche Kalenner vum Poopst Gregor XIII. iwwerholl hunn; déi aner, d’orthodox Chrëschten, well se beim Julianesche Kalenner – deem ganz ale vum Julius Caesar  – verbliwwe sinn.

Ouschteren gëtt da 40 Deeg laang gefeiert, bis Christi Himmelfaart. An duerno nach eng Kéier 10 Deeg bis Päischten. Dëst Fest vum Hellege Geescht schléisst den Ouschterzyklus of.

Mä Ouschteren huet och, nieft dem reliéise Cachet, e sympathesche Brauchtemscharakter, wann och manner ausgepräägt wéi Chrëschtdag. Mä ëmmerhin... Ouschterhues an Ouschtereeër loosse gréissen! Si sinn net, wéi bis viru Kuerzem ugeholl, al heednesch Bräich, fir d’Fruchtbarkeet vum Fréijoer ze dokumentéieren a rituell ze feieren – zumindest net ganz! Rezent Studië schléissen op déi chrëschtlech Konnotatioun vun deene Bräich.

Wa mer d’Ouschtereeër mateneen técken, da weist dat hin op d’Graf vu Christus, dat zerbrécht. D’Jippelchen am liewegen Ee ass e Bild fir dat neit Liewen, dat aus dem Graf ervirgeet. An den Ouschterhues, Symbol vun der Opersteeung, kéim vu Byzanz hir, aus dem Ëmfeld vun der orthodoxer Kierch. Well de wëllen Hues mat oppenen Ae schléift, also: Schlof, Dout – an awer Dosinn, Liewen...

Ech wënschen iech fir Ouschterdag, dass der Iech – trotz allem a villem – um Liewe freeë kënnt!

Georges Hellinghausen