Den 12ten Mee ass den Gebuertsdag vum Florence Nightingale an internationalen Dag vun der Infirmière, engem Beruff deen ausgerechent am Krimkrich entstanen ass.

D’Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin, Anne-Marie Hanff, hëlt iech mat op d’Rees vun der Emanzipatioun vun der Fleeg.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

D’Pionéierin vun der moderner Fleeg, Florence Nightingale, hat 1853 schnell verstanen, dass d’Zaldoten an de Lazaretten méi heefeg un Infektiounen ewéi un den eigentleche Krichsverletzungen gestuerwen sinn! Déi wëssensvernarrten a sozial engagéiert Infirmière huet Hygiènesvirschrëften entwéckelt, Statistiken erstallt an 1860 an hirer Infirmièresschoul déi éischt Generatioun vun qualifizéierten Infirmièren ausgebilt.

Si huet d’Fraen dobäi ënnerstëtzt sech ze emanzipéieren, andeems si endlech ganz eegestänneg, am Verglach zu den Schwësteren, enger bezuelter Aarbecht no goen konnten.

7 vun 10 Infirmièren rekrutéiert Lëtzebuerg aus dem Ausland. D’Pandemie huet des Situatioun éischter verschlëmmert. D’WHO Europe recommandéiert senge Memberstaaten an domadder och Lëtzebuerg, elo souguer ganz kloer en Bachelor als Mindestniveau vun den Infirmièresetuden fir eng resilient Reserve sanitär opzebauen. A gläichzäiteg fält an der Diskussioun em d’Penurie ëmmer rëm den Saz “Muss dann Jiddereen eng Formatioun hunn, deen an der Fleeg schafft?” D’Absurditéit vun dëser Fro gëtt kloer, wann een se mat engem aneren Beruff vergläicht. Huelen mir zum Beispill den Coiffeur: Firwat loossen mir nëmmen Coiffeuren un eis Hoer? No dem Prinzip misst eng zäertlech Kappmassage mat vill Häerz dach Vertrauen genuch an den Ëmgang mat der Schéier schafen oder net? Oder ass d’Tatsaach “domm auszegesinn” méi existenziell ewéi d’Liewen vun Leit, déi Hëllef an hirem Alldag brauchen.

Fir aus dëser absurder Diskussioun eraus ze kommen, mussen d’Infirmièren der Ëffentlechkeet aktiv erklären, firwat op den éischten Bléck alldeeglech Aktivitéiten wéi d’Ënnerstëtzung beim Iessen zu den wichtegsten Aktivitéite gehéiere kënnen, déi eng Infirmière mécht. Mat Ëffentlechkeet si Frëndinnen, Patienten, Familljememberen an aner Gesondheetsberuffer gemengt. Well den éischten Androck zielt – och an der Fleeg! An do kënnt et op all eenzel Infirmière an Infirmier un. Rechent d’Kontakter vun enger Infirmière emol héich! Dat ass méi effektiv wéi all Ëffentlechkeetscampagne!

Op kee Fall dierf déi komplex, psychosozial Aarbecht mat Mënschen op Ëmaarmungen an e léift Laachen reduzéiert ginn! Déi fleegebedierfteg Leit brauche keng Frënn, mä eng empathesch a kompetent Infirmière! D’Fleegewëssenschaft hëlleft d’Fleege ze begrënnen ganz am Sënn vun der Opklärung: “Sapere aude”.

Dowéinst mäin Opruff fir dësen Dag vun der Infirmière: Hannerfrot, diskutéiert, an begrënnt. D’Wëssenschaft an domadder och den Bachelorstudium op der uni.lu wäerten e wichtegen Beitrag an der Emanzipatioun vun der Fleeg zu Lëtzebuerg leeschten.

Fir den Infirmiersdag wënschen ech mir eng tolerant Gesellschaft an Politik, déi den Infirmièren hir Fräiheeten a Verantwortung zougesteet an domadder eng Weiderentwécklung vun enger solidarescher Fleeg erméiglecht.