3 Joer no « Stand Speak Rise Up » schwätzt d'Magali Paulus eis haut vun der Vergewaltegung als Krichswaff. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Virun 3 Joer, am Abrëll 2019, war op Initiativ vun der Grand-Duchesse en groussen internationale Forum um Kierchbierg “Stand Speak Rise Up”. Et ass em Vergewaltegung als Krichswaff gaangen. Et ware vill international Perséinlechkeeten zesumme komm an iwwer 50 Survivante. Dat si Fraen, déi sexuell Gewalt a fragillen Environnementer iwwerlieft hunn.

An deenen 3 Joer ass vill geschitt, de Covid huet gemaach, dass mer wéineg iwwert esou Theme geschwat hunn an dunn elo dëst Joer huet Russland d’Ukrain ugegraff an de Krich nees méi no virun eis Diere bruecht. Krich ass an allen Medien, ronderëm all d’Kichendësch an a ville politeschen Decisiounen. Iwwert Vergewaltegung als Krichswaff gëtt awer net ganz vill geschwat.

Wéi ech elo a mengen Notten iwwert d’Konferenz vun 2019 nogesicht hunn, sinn ech op en Temoignage vum Iryna Douhan aus der Ukrain gefall. Si war 2014 vu pro-russeschen Insurgenten zu Donezk vergewaltegt ginn. 2019 sot Si, dass d’Vergewaltegung eng “arme de destruction massive” ass, déi duerch d’Angscht d’Resistenz vun der Gesellschaft zerstéiert. D’Ukrainerinnen erliewen des Waff elo erëm. De Pierre Servent, franséische Verdeedegungs- a Militärstrategiespezialist sot e Mëttwoch op France Inter, dass d’Vergewaltegungswaff (arme du viol) sech an alle Kricher zënter éiweg erëmfënnt. Russesch Zaldoten, déi an hirer Formatioun schonn déi Gewalt gespäichert hunn, liberéieren hir « instincts prédateurs » well se an enger Zort « toute puissance » sinn an zemools net geduecht hunn, dass net schnell eng russesch Administratioun géing agefouert sinn, déi dann alles géing verschwannen doen. De Fantasmus a leider batter Realitéit vun Impunitéit ass ee vun de grousse Challengen, wann et ëm Vergewaltegung als Krichswaff geet. D’Nadia Murad, déi 2018 de Friddensnobelpräis krut, seet ganz kloer, dass d’Justiz dat eenzeg Traitement, déi eenzeg Léisung ass.

Fir d’ukrainesch Fraen déi vergewaltegt goufen, ass Justiz zur Zäit keen Thema, sinn hunn aner Challengen. Nämlech an de Länner wou se Zouflucht fannen. A Polen z. B. ass e strengt Ofdreiwungsgesetz. Fraen, déi a Polen avortéiere wëllen, musse beweisen, dass se vergewaltegt goufen. Dat ass scho schwéier fir polnesch Fraen, mä nach méi fir Flüchtlingen. Wei sollen Ukrainerinne beweisen, dass se an hirem Land dat am Krich ass, wou en plus d’Ofdreiwung legaliséiert ass, vergewaltegt goufen, fir a Polen kënnen ofzedreiwen? Hoffentlech kënnen déi ukrainesch an natierlech och all aner Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg sinn, vun eisem méi progressiven Ofdreiwungsgesetz profitéieren.

Eng aner Fro, déi ech mer alt erëm stellen, ass, ob Gewalt, Krich an Ongläichheet net déi selwecht Ursaachen hunn. Dës Ursaache kéinten d’Patriarchat, de Muechtmëssbrauch an de Muechterhalt sinn. Fir der Vergewaltegung als Krichswaff en Enn ze setzen, wéi d’Grand-Duchesse sech et 2019 als Objektiv gesat hat, missten dann net och d’Strukture vum Rassismus, Sexismus a Postkolonialismus hannerfrot ginn a sech fir en Enn dovun agesat ginn?