Symbolpolitik huet keng direkt Auswierkungen an ass awer net egal, fënnt d'Elise Schmit. D'Schrëftstellerin mécht sech Gedanken iwwert d’Duerstellung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft am ëffentleche Raum.

Eng Carte Blanche vum Elise Schmit

An de leschte Méint si mer op de Bushaltestellen an der Stad zwou Publicitéitscampagnen opgefall. Dat eent war eng Reklamm fir eng Béiersmark, dat anert eng fir de Finanzsecteur. Béid Reklammen hunn de geographeschen Ëmrëss vu Lëtzebuerg gewisen. Dora waren op deem enge Plakat ronn eng hallef Dose Gesiichter vu wäisse Leit montéiert. Op deem aneren huet een ënnert honnert Gesiichter gutt misse kucken, fir der zwee ze fannen, déi net wäiss waren. Mat deem Lëtzebuerg, dat ech op der Strooss gesinn a mat deem, dat ech mer idealerweis virstellen, hunn esou Duerstellungen näischt ze dinn.

Elo kann ee soen: Dat sinn dach just Reklammen. D'Leit kréien duerch dat, wat op engem Plakat gewise gëtt, kee méi oder manner gläichberechtegten Zougang zu gudden Aarbechtsplazen an zu Wuelstand. Dat stëmmt. Dofir ass et awer nach laang net egal, wat fir Gesiichter een an op e Plakat setzt. Grad wann een den Ëmrëss vu Lëtzebuerg benotzt, mécht een eng Ausso iwwert d'Zesummesetzung vun der Gesellschaft – wéi een unhëlt oder gären hätt, dass se wier.

Den intendéierte Message vun der Béiersreklamm war natierlech net, dass nëmme wäiss Leit déi Mark sollte kafen. Warscheinlech wollt och kee soen, dass ee just am Finanzsecteur schaffen däerf, wann ee wäiss ass. Dat mécht déi Biller net manner problematesch. Wann d'Stad Lëtzebuerg Reklammen ophänkt, kéint se driwwer nodenken, wéi se sech no bausse wëllt presentéieren: als Plaz fir wäiss Leit oder als Plaz fir jiddereen.

Wee fir eng divers an egalitär Gesellschaft ass, sollt d'Duerstellung dovu fleegen. Fir all Institutiounen, déi zum Staat gehéieren oder vu staatleche Subventioune profitéieren, misst dat evident sinn.

Doriwwer eraus gëllt d'Meenungsfräiheet. Wéi eng Symboler ee benotzt, ass e Choix. Ech kann als Conseil d'administration vun engem Betrib rassistesch Reklammen an d'Welt setzen, wann ech eng Plaz dofir fannen. Mä wann esou Biller méi bewosst géifen an den ëffentleche Raum gestallt ginn, andeems et zum Beispill Instanze géif ginn, déi Recommandatiounen ausschwätzen, wéisst een op d'mannst direkt, wou een dru wär. Ech wéilt jo kee Béier vun enger Mark drénken, déi express eng rassistesch Visioun vun der Gesellschaft ënnerstëtzt.

Dëse Bäitrag hunn ech iwwregens genderneutral formuléiert. Doduerch gëtt kenger Fra oder Transgenderpersoun hiert Liewe besser. Mä ech maachen dowéinst awer net, wéi wann et op der Welt just géif Männer ginn. Och dat ass e Choix vun der Symbolik.