Fir de Leerstand ze bekämpfen soll elo iergendwann eng Spekulatiounssteier agefouert ginn. Wäert dat duergoe fir dem Problem bäizekommen? Do huet de Gilles Hempel seng Zweiwel. A senger Carte blanche proposéiert hien eng Mesure aus dem Ausland, déi nach e bësse méi wäit geet.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Hei zu Lëtzebuerg sti schätzungsweis 10 bis 20 Dausend Wunnengen dauerhaft eidel. Dat ass bei der aktueller Wunnengsnout net méi ze toleréieren. D’autant plus, well ee jo d’Méiglechkeet huet seng Wunneng iwwert d‘Gestion locative social ze verlounen.

Mee trotz der Méiglechkeet vu steierlechen Avantagen an engem garantéierte Loyer, loosse vill Proprietären hir Wunnengen eidel stoen. Et ginn esou guer Leit, déi eng Wunneng kafen a se dann absichtlech eidel stoe loossen, just fir se herno méi deier ze verkafen.

A leschten Etat de la nation huet eise Premier eng Spekulatiounssteier ugekënnegt. Déi Leit, déi sech et leschten kënnen hier Wunneng eidel stoen ze loossen, sollen an d’Verantwortung geholl ginn. Di Saach wäert awer nach e bëssen daueren. Vir d'éischt soll elo mol ee Regëster erstallt ginn.

Bei eise belschen Nopere gi se di Saach méi praktesch un. An der Wallonie zum Beispill, wou se och mam "Leerstand" geplot sinn, trëtt am September ee Gesetz a Kraaft, nodeems de Leerstand eng Infraktioun duerstellt. Gemengen an Associatiounen déi am Logement täteg sinn, kënnen dann déi Proprietäre verkloen, déi hier Wunnengen eidel stoe loossen. Jee no Situatioun, kritt de Proprietär eng säfteg Amende an en cas de récidive ka seng Wunneng souguer requisitionéiert ginn. Fir erauszefanne wéi eng Wunnengen eidel stinn, gëtt de Waasser- an de Stroumverbrauch gekuckt. Op där Basis gëtt da géint déi Leit ermëttelt. A wa sech de Verdacht confirméiert, da gi se op d’Geriicht geholl a "gegebenefalls" verurteelt.

Déi Méiglechkeet bréichte mir och hei zu Lëtzebuerg. Eng Wunneng eidel stoe loossen däerf kee Kavaléiersdelikt sinn. Do soll ee sech net mat enger symbolescher Taxe fräikafe kënnen. Dat ass de falsche Message.

Een dee bei der aktueller Wunnengsnout esou récksiichtslos ass a seng Wunneng eidel stoe léisst, dee muss dofir bestrooft ginn. An zwar esou, dass et och wéi deet.