A senger «Carte blanche» mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist Gedanken iwwer den Europadag am Krich. D’EU bräicht en neien Narrativ, fir ze iwwerzeegen, esou de Marc Glesener.

Eng Carte Blanche vum Marc Glesener

Den 9. Mee  -  dat ass den Europadag. E relativ jonke Feierdag, deen nach net esou richteg ukomm ass bei ville Leit.

Dëst Joer gëtt Europa an engem ganz spezielle Kontext gefeiert. An enger Krichssituatioun. Och wann d’EU-Staaten net direkt eng Krichspartei sinn, bedeelegen sech Memberlänner als Nato-Staaten un deem, wat an der Ukrain geschitt.

Waffeliwwerungen, wirtschaftlech Sanktioune géingt Russland a kloer politesch Ënnerstëtzung vun der Ukrain maachen aus der EU awer eppes ewéi eng Krichspartei.

Dëst alles ass eng nei  Dimensioun. De gemeinsame Projet, deen ëmmer an ëmmer erëm als Friddensprojet beschriwwe ginn ass, réckelt am Kontext vun engem militäresche Konflikt méi no zesummen. Eng interessant Evolutioun. Dat hätt viru Méint nach esou kee fir méiglech gehalen.

An dat grad zu engem Moment, wou a Länner ewéi Frankräich bei rezente Walen Europaskeptiker a Géigner 40 a méi Prozent kruten.

Stellt sech fro, op Europa de Leit eng laang Zäit falsch erkläert ginn ass?

Jo, vläicht ass dat de Grondproblem vu der Saach.

Um Beispill Ukrain gesäit ee ganz kloer, datt et keng Alternativ zu méi engem enken Zesummeréckelen a weesentleche Politikfelder gëtt. An do steet nun emol d’Verdeedegung ganz uewen op der Lëscht.

Europa däerf keen Tiger ouni Zänn sinn. Dat hunn esou guer déi däitsch Gréng agesinn, déi Olivgréng, wéi de Magazin Spiegel an enger vu senge leschten Editioune geschriwwen huet.

Europa brauch iergendwéi dringend en neien Narrativ – d’Geschicht vum Opbau nom Zweete Weltkrich soll net vergiess gi – haut brauch Europa awer eng aner, eng aktuell Story.

Waren et bis elo ekonomesch Aspekter, déi am Mëttelpunkt vum europäeschen Narrativ stoungen, missten elo sécherheets- a verdeedegungspolitesch Argumenter ugefouert ginn, déi fir méi Europa schwätzen.

Dat ass e Paradigmewiessel, un dee sech Politiker an EU-Bierger gewinne mussen.