Fir all déi, déi sech haut eng Carte blanche erwaarden iwwert den Index, ech muss iech enttäuschen. Mä et geet ëm en anert vill diskutéiert Thema. Eent, wat mir ganz vill um Häerz läit. D'Gewerkschaft.

Si steet zur Zäit voll am Mëttelpunkt. Si spillt eng tragend Roll am lëtzebuerger Modell. Awer wa se sech wiert, z.B. géint Attacken op d'Kafkraaft vun de Leit, versicht d'Regierung se duerch den Dreck ze zéien. An de Kommentaren op de sozialen Netzwierker ass vill op se geklappt ginn, den 1. Mee awer ginn dausende Leit op d'Strooss fir hir Rechter. De Statec versicht erfolleglos mat falschen Zuelen duerzestellen, si géifen u Gewiicht verléieren, an dat, grad an enger Zäit, wou d''Gewerkschaften, au Contraire, en neien Opschwong kennen.

Eppes muss mol kloer gestallt ginn. D'Gewerkschaft ass dach näischt Abstraktes, an engem loftleere Raum e puer deconnectéiert Leit, déi do einfach, aus dem Nichts, just no hirer Laun menge si, si misste streiden a schwéier Konflikter agoen. Nee, d'Gewerkschaft dat si Leit, vill Leit. Dat sidd dir vläicht, op alle Fall kéint dir dat sinn. Dat si mir all, Leit déi schaffen, Pensionéiert, Jonker, vun allen Nationalitéiten, Männer a Fraen, déi sech asetze fir hir Interessen an d'Interesse vun der Allgemengheet. Hir Aarbechts- a Lounbedingunge matzegestalten. Matzeschwätzen a sech wieren, wann et noutwendeg ass. An dat muss erlaabt sinn an enger Gesellschaft, zemools an enger Demokratie. Dat muss esouguer gefërdert ginn. Elo a Krisenzäiten, wou se do si fir ze kucken, datt d'politesch Entscheedungen net zu Laaschte vun de Leit geholl ginn.

Awer och an normalen Zäiten. Wou jo sou oft vergiess gëtt, datt dat, wat mir all hunn, net einfach normal ass, e Kaddo vum Patron oder vum Himmel gefall. Nee, verhandelt an erkämpft ass et ginn, vu Gewerkschaftler. Generatioune vu Leit virun eis a mat eis, deene mer et kënne verdanken, datt mer iwwerhaapt bezuelte Congé hunn. De Mindestloun, den 8-Stonnendag, 40-Stonnewoch, Sozialversécherungen, Familljeleeschtungen, Congé parental, asw.

Ouni Gewerkschafte géif d’Welt vun haut anescht ausgesi wéi se ausgesäit.

Hiren Engagement ass ëmmer dee selwechten: sech Asetze fir Verbesserunge fir d'Leit a sech wiere géint Verschlechterungen.

A Verschlechterunge ginn et ëmmer erëm politesch, no all Kris: an den 80er Sozialofbau als Äntwert op d'Globalisatioun, duerno Austeritéitspolitik als Äntwert op d'Weltwirtschaftskrise, elo Attacken op d'Kafkraaft als Äntwert op d'Energiekris.

Wien also seet, mir brauche keng Gewerkschaft, dee seet gläichzäiteg, mir brauche keng Welt, wou mer gutt Aarbechts- a Lounbedingungen hunn, ofsécheren, konstant verbesseren an un eng modern Welt upassen.

Als Fazit kann ee soen, dass säit der industrieller Revolutioun d'Necessitéit vun de Gewerkschaften ëmmer erëm a Fro gestallt ginn ass. Am Ufank vun auslännesche Gendaarme mam Gewier an der Hand an du lues a lues um Verhandlungsdësch.

Ëmmer wann et brenzeleg gëtt fir déi, déi sech un Aarbechtskräfte beräicheren, kënnt déi selwecht Litanei.

Et geet ëm d'Fro vum Matschwätzen. Vum Matsproocherecht. Et ass awer och d'Fro vum Gewiicht vum Eenzelen a vum Kollektiv. Elleng kritt ee sech net gewiert an dofir muss ee sech zesummendinn. Dat ass eist Recht a vun dësem Recht maachen ëmmer méi Leit Gebrauch.

Engagement vu Leit géint Ongerechtegkeeten dierf ni vu Leit op waarme Still an engem Schlass a Fro gestallt ginn.

An och an eisem schéine privilegéierte räiche Lëtzebuerg gëtt et nach vill Ongerechtes, vill Leit, déi net iwwer d'Ronne kommen, bis déif an d'Mëttelschicht era mat Kafkraaftproblemer konfrontéiert sinn. An deem muss grad elo entgéintgewierkt ginn.

An dësem Sënn,

Vive d'Gewerkschaften, déi sech weider fir d'Interesse vun de Leit asetzen a vive den Index! (ee Wuert huet awer misste gesot ginn dozou).