Vill vun ons erënnere sech, dass d'Aarbechtszäit fir déi, déi net op Schichte geschafft hunn, am Takt gereegelt war. Vun 8 bis 12 Auer moies a vu 14 bis 18 Auer nomëttes. An der Mëttesstonn waren d'Geschäfter, d'Schoulen an d'Büroen zou. Lues a lues awer huet sech dat mam Wandel vun onser Gesellschaft geännert.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Duerch d'Aféierung vum Horaire mobile, der Deelzäitaarbecht, dem Congé parental, den Zäitspuerkonten, oder dem Télétravail koum et zu ëmmer méi Flexibiliséierung, fir d'Aarbecht, d'Famill an d'Fräizäit besser kënnen openeen ofzestëmmen an dat ass och gutt esou.

Et ass fir mech dofir onverständlech an onverstänneg, fir am Moment vun enger genereller Aarbechtszäitverkierzung ze schwätzen. An engem Moment, an deem déi ekonomesch Zukunft méi onsécher ass wéi jee. An engem Moment, an deem d'Inflatioun weltwäit Rekordhéichte verzeechent. An engem Moment, an deem et schonn iwwerall un Aarbechtskräfte feelt: am Privatsecteur a beim Staat. Grad wat d'Gesondheetsversuergung ugeet, huet dat gravéierend Konsequenzen.

Aarbechtszäitverkierzung ass och net ëmmer am Interêt vun de Beschäftegten, well dacks déi selwecht Aarbecht a manner Zäit muss geleescht ginn. Doduerch gëtt den Drock op den Eenzelen erhéicht. Dëst wierkt sech da negativ op de Betribsklima aus, wat wierklech net gutt fir de Betrib a fir d'Mataarbechter ass.

Et ass och net am Interêt vun de Konsumenten, well duerch d'Méikäschten an de Betriber et zu enger weiderer Präisdeierecht kéint kommen an doduerch d'Inflatioun weider géif klammen, wat dann zu engem zousätzleche Kafkraaftverloscht féiert. D'Ëffnungszäite vu verschiddene Commercen an Déngschtleeschtunge kéinten als Folleg och zum Nodeel vum Konsument erofgesat ginn.

Fir d'Betriber bréngt d'Reduzéierung vun der Aarbechtszäit ganz kloer e Kompetitivitéitsnodeel mat sech, wat nieft deene munchmol laangwierege Prozedure mat Sécherheet net zur Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg bäidréit. Mir mussen et awer fäerdegbréngen, nees méi an Europa an domat och hei zu Lëtzebuerg ze produzéieren, fir ons Ofhängegkeet vun zweiwelhafte Regimmen ze verréngeren.

Dat erreeche mer net duerch Aarbechtszäit-Reduzéierung. Dogéint soll d'Flexibiliséierung vun der Schaffzäit allerdéngs do, wou et Sënn mécht an de Salariéen hëlleft, weider gedriwwe ginn. An dat am Accord tëscht dem Patron a senge Mataarbechter, woubäi dat vu Secteur zu Secteur a vu Betrib zu Betrib ganz ënnerschiddlech ass. Vergiesse mer net, datt de Kuch ëmmer nach gebak muss ginn, iert e verdeelt ka ginn. An dobäi däerf de Staat weder dem Patron nach senge Mataarbechter e rigide Corset uleeën.