De Marc Limpach mat enger Carte Blanche iwwert d’Aktualitéit vum Auteur George Orwell.

Carte Blanche vum Marc Limpach

Wéi den George Orwell 1947 säi Roman "1984" geschriwwen huet, konnt hien net wëssen, wéi aktuell säi Buch sollt bleiwen. De Roman ass scho ronn 30 Millioune Mol verkaf ginn. Dobäi sinn d’Verkafszuelen dacks wéi e Barometer: 2013 um Héichpunkt vun der Affär ronderëm de Whistleblower Edward Snowden an natierlech 2017 an den neien Zäite vum Trump sengen "alternative facts" ware se besonnesch héich.[1] Awer de Putin-Regimm a Russland, dee sech nom Iwwerfall op d’Ukrain ëmmer méi vun engem autoritären zu engem totalitäre Staat wandelt, gëtt dem Orwell senger Dystopie eng nei Relevanz. Nom Orwell léisst en totalitäre Regimm net nëmme keng Oppositioun opkommen, mee versicht doriwwer eraus d’Sprooch an domadder d’Denke vun der ganzer Bevëlkerung ze kontrolléieren. Esou huet dat russescht Parlament e Gesetz gestëmmt, dat d’Benotze vum Wuert "Krich" fir déi sougenannte "militäresch Spezialoperatioun" ënner schwéier Strofe stellt. Déi russesch Truppe ginn an der imperialistescher Propaganda als "Befreier" duergestallt - an d'Schoulbicher gi momentan ëmgeschriwwen, fir de russeschen Ugrëffskrich ze legitiméieren.[2] Wierder gi verdréint a verléieren hire Sënn. D'Wourecht gëtt komplett op de Kapp gestalt.[3] "War is peace" heescht et beim Orwell. Dat Eent, a gläichzäiteg säin absolutte Géigendeel, ze behaapten, ass e klassescht Beispill vum Orwell sengem "doublespeak".[4]

Dobäi hat d'Journalistin Anna Politkowskaja scho viru Joren d’Weltëffentlechkeet virun der Degeneratioun vun der Pressefräiheet ënnert dem Putin-Regimm gewarnt.[5] Ufank Abrëll huet elo e jonken Editeur vun enger Moskauer Studentenzäitschrëft, de Wladimir Metjolkin, viru Geriicht eng bemierkenswäert couragéiert a kritesch Ried iwwert de Krich a fir d'Meenungsfräiheet gehalen.[6] Och den Orwell huet a senge villen Essays ëmmer erëm ënnerstrach, dass Presse- a Meenungsfräiheet zentral fir eng Demokratie sinn. Hien huet awer och deemools scho gewarnt, dass am sougenannte Westen, och ouni zentrale Big Brother, déi fräi Press ënner Drock wier, virun allem duerch Milliardären, déi sech Zeitunge kafen, fir déi dann ëmmer méi fir hir eegen Interessen anzesetzen.[7] An der engleschsproocheger Welt dreift de Rupert Murdoch nach ëmmer säin Onwiesen.[8] A Frankräich, wou vill Industriekapitäne sech niewelaanscht och e puer Medie leeschten,[9] huet eng rezent "Commission d’enquête" vum Senat sech der Problematik vun der Mediekonzentratioun an der redaktioneller Onofhängegkeet ugeholl. Ouni vill konkret Resultater: D’Senateure si sech net eens ginn. Wärenddeem versicht de räichste Mann vun der Welt, den Elon Musk, wuel ëmmer nach iergendwann Twitter ze iwwerhuelen[10], fir d’Spillreegele vun deem soziale Medium no sengem perséinleche Goût nei ze arrangéieren. De joerhonnerteale Kampf fir Meenungs- a Pressefräiheet ass nach laang net eriwwer, néierens op der Welt.


[1] Brian Wheeler: The Trump era's top-selling dystopian novels. In: BBC News, 29.01.2017.

[2]Andrew Roth: Lessons in patriotism used to justify Ukraine invasion to Russia’s children. In: The Guardian, 23.04.2022.

[3] E besonnesch krassen Artikel iwwer dat wat mat der Ukrain no der ugestriefter "Befreiung" geschéie sollt, gouf vun der staatlecher russescher Noriichtenagence RIA Nowosti den 3. Abrëll verëffentlecht: Ëmerzéiung, Repressiounen an Zensur. Also totalitär Mesurë géint d’Bevëlkerung vun engem demokratesche Staat. De renomméierte Site Dekoder (Grimme Online Award 2016 an 2021) huet eng Analyse vun deem Artikel verëffentlecht: www.dekoder.org/de/article/ria-nowosti-sergejzew-propaganda-krieg-ukraine

[4] Mark Satta: Putin's brazen manipulation of language is a perfect example of Orwellian doublespeak. In: theconversation.com, 14.02.2022.

[5] Anna Politkovskaya: Putin's Russia, London 2004.

[6] Säi Plädoyer fënnt een hei: www.dekoder.org/de/article/doxa-gericht-schlusswort-ukraine-krieg

[7] “The British press is extremely centralised, and most of it is owned by wealthy men who have every motive to be dishonest on certain important topics.” cf. George Orwell: The Freedom of the Press (Orwell’s proposed preface to Animal Farm, London 1945). In: George Orwell / John Carey (ed.): Essays, New York / London 2002, S. 888 f.

[8] Den 91 Joer ale Murdoch ass Proprietär vu Fox News, The Times, The Sunday Times, The Sun, vum Wall Street Journal, vun der New York Post a verschidden australesch Zeitungen… cf. Rupert Neate: ‘Extra level of power’: billionaires who have bought up the media. In: The Guardian, 3.05.2022.

[9] Vincent Bolloré, Bernard Arnault, Arnaud Lagardère, Patrick Drahi, Xavier Niel, Martin Bouygues….

[10] Den Deal ass momentan "on hold". Cf. Dan Milmo: Musk says he could seek lower price for Twitter as he focuses on fake accounts. In: The Guardian, 17.05.2022.