D'Fro, wéi mer mat den Energiepräisser ëmginn an eiser Gesellschaft, ass eng komplex Fro, wou et net nëmmen iwwert Inflatioun geet, mee och ëm sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz. Dozou en Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.

Carte Blanche vum Paul Estgen

D'Energiepräisser sinn a leschter Zäit massiv an d'Luucht gaangen. Deelweis duerch déi grouss Nofro no der Pandemie, well nach ëmmer de Wirtschaftswuesstem direkt gekoppelt ass mat dem Energieverbrauch, an dann zanter dem Enn Februar natierlech duerch den Krich an der Ukrain.

Mir mierken elo an Europa, dass mer enorm ofhängeg si vun dem Import vu Gas a Pëtrol, dass eis ganz Wirtschaft riskéiert zesummenzebriechen, wann d'Energiepräisser weider klammen. Och d'Stroumpräisser si betraff, och wann an den leschte Jore vill méi grénge Stroum an d'Netz gespeist gëtt. Mee eisen Energiehonger ass nach ëmmer ongebrach.

Fir d'Vollek ze berouegen, en plus sinn och nach d'nächst Joer Walen, gräift d'Politik dann op d'Subventionéierung zeréck: Netzkäschten iwwerhuelen a 7,5 Cent pro Liter Sprit. Sou eng Sprit-Zoulag ass awer weder ze verstoen am Kader vun eise Verspriechen am Klimaschutz (als Rappell 55% manner Zäregas 2030) nach als sozial Mesure. Kleng Rechnung: wann ech mat engem klengen Auto 6 Liter verbrauchen, kréien ech 45 Cent op 100 Kilometer ausgedoen, wann ech en décken SUV mat 12 Liter Verbrauch fueren, da kréien ech 90 Cent Subventioun. Dës Subventioun ass also éischter ze verstoen am Kontext vun der Ënnerstëtzung vum Tanktourismus. Géint d'Energieaarmut a fir de Klimaschutz ass déi Subventiounspolitik kontraproduktiv.

Bei der Fro vun den Energiepräisser musse mer haut anescht iwwerleeën. Dat huet eppes domadder ze dinn, dass Energie net ëmmer déi selwecht Funktioun huet. Mol ass d'Energie do, fir primär Besoinen ze decken (Heizen, Mobilitéit, Kommunikatioun, Beliichtung) mol ass Energie en Deel vum Luxus (wann ech zum Beispill meng Piscine domadder hetzen). A genau do musse mer usetzen, wa mer iwwer sozial Gerechtegkeet an Nohaltegkeet schwätzen. Jidderee misst eigentlech eng gewësse Quantitéit vun Energie zegutt hunn, fir seng Basis-Besoinen domadder kënnen ofzedecken. Konkret kéint een zum Beispill soen, dass all Privatstot pro Persoun déi éischt 500kwh gratis kritt, déi nächst 500kwh fir de Marchéspräis an dono de Recht Stroum zum Luxustarif muss kafen. Dat géif och dozou féieren, dass mer warscheinlech de globale Stroumverbrauch géifen drosselen an domadder eppes fir d'Klima maachen a manner ofhängeg wäre vum Energieimport. Dat kéint och an der Indexberechnung opgeholl ginn a sou d'Inflatioun drécken. Bei sou engem System huele mer och kengem d'Fräiheet, fir esou vill Stroum ze verbrauche wéi e wëll (oder ka bezuelen), mir ënnerscheeden ebe just tëschent Besoin a Luxus beim Präis.

Dat selwecht misst een dann och beim Waasser maachen, well och dat ass eng Fro, wou de Luxus vun deenen engen zum Probleem fir déi aner gëtt, well och déi Ressource gëtt ëmmer méi rar an onse Länner.

Fir d'Zukunft ze gestalten am Kontext vun deenen Erausfuerderungen, déi mir eis elo musse stellen, ass et eben wichteg, dass eis Politiker och mol iwwer nei Weeër nodenken an net just Berouegungspëllen, nee ech menge Subventiounen, verdeelen. Dat ass d'Essenz vum Wuert "Nohaltegkeet".