Sidd Dier schonns eng Kéier als Ierbessenzieler vernannt ginn? Maacht Iech näischt draus! Et ass e Kompliment. De Patrick Michaely seet Iech a senger Carte Blanche firwat.

Carte Blanche vum Patrick Michaely

E Mëttwoch den Owend sinn am "Naturmusée" d’Gewënner vun der dësjäreger Wëssenschaftsolympiad ausgezeechent ginn. Et war mëttlerweil schonns fir déi 15. Kéier, also scho bal eng Traditioun. An dach: Et war e besonnesche Joergang. Aus dësem Cru hunn nämlech 2 Ekippen à 3 Schüler virun net mol enger Woch un den European Olympiad of Experimental Science am tschecheschen Hradec Králové deelgeholl. Dobäi ass scho bal sensationell eng Goldmedail fir eng 4. Plaz an eng Sëlwermedail fir eng 19. Plaz ënnert iwwer 40 internationalen Ekippen erausgesprongen. Et ass déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg eng Goldmedail bei dësem prestigiéise Wëssenschaftsconcours gewënnt. Felicitatiounen also!

De Fait, datt dës jonk “Chercheurs en herbe” esou gutt ofgeschnidden hunn, weist awer och, datt si mat deene villen Informatiounen, déi si am Laf vun hirer nach jonker Schoulcarrière accumuléiert hunn, richteg eppes ufänke konnten. Si wësse richteg eppes! Dat héiert sech op den éischte Coup vläicht banal un, ass et awer net. Dat sollt ee grad och no zwee Joer Pandemie a vill gehéierten a geliesenen Informatiounen iwwer Virussen, Impfstoffer an anere komplexe Sujete verstanen hunn. Wëssen ass nämlech net einfach d’Zomm vun Informatiounen. Dës mussen nach zu enee zortéiert, bewäert an an e Gesamtkontext vu schonns verfügbarer Informatioun abruecht ginn. Dat hunn dës jonk Leit am Kader vun der Wëssenschaftsolympiad bewisen. Et ass och esou, wéi gutt a seriéis Wëssenschaft funktionéiert.

Schonns den Charles Darwin huet vu sech behaapt, datt hien e perfekte Millionär u komeschen an eegenaartege Fakte wier. Kee Wonner bei engem Mann, dee sech iwwer Joerzéngte mat allméiglechen Detailer aus der Natur beschäftegt huet an esou och genuch Datematerial hat, fir mat der Evolutiounstheorie eng vun de wonnerbaarsten Theorien an der Wëssenschaftsgeschicht opzestellen an z’iwwerpréiwen.

Et ass awer och esou wéi aus just Ierbessenzielerei eng ganz Verierwungstheorie entstoe kann. A propos Ierbessen! Wie kennt se net! D’Gaardenierbess Pisum sativum. Et ass eng albekannte Planz, déi allerdéngs Wëssenschaftsgeschicht geschriwwen huet, well mam Gregor Mendel, dem Papp vun der Genetik - deen iwweregens dëst Joer seng 200 Joer feiert – sech ee fonnt hat, deen den Interêt vun der Ierbes als ideale Versuchsgéigestand fir seng Kräizungsversich verstanen hat. Si ass liicht unzebauen an huet vill Nokomme mat ënnerschiddleche Mierkmoler, déi sech liicht beobachte loossen. Wa seng Aarbechten och net direkt e grousst Echo an der wëssenschaftlecher Welt ausgeléist hunn an de Wäert vu quantitativen-statisteschen Analysen an der Botanik eréischt Joerzéngten duerno erkannt goufen, wousst hie selwer: Meng Zäit wäert kommen. Hie sollt Recht behalen. Vu sengen Entdeckunge profitéiere mir haut nach.

Sidd also houfreg op Iech, wann eng Kéier een Iech Ierbessenzieler nennt. Et ass u sech e Kompliment!