Spéitstens zanter dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain hunn d’Betriber d’Hoffnung op eng méi normal Wirtschaftsaktivitéit missen iwwer Bord geheien.

Eng Carte Blanche vum Carlo Thelen

Eng vun de Konsequenze vum Krich ass dobäi een däitleche Réckgang vum Import- an Export-Handel duerch déi héich Präisser fir Energie a Matière-premièren, souwéi déi grouss Schwieregkeete bei de Liwwerketten. Dofir ginn et do och politesch méi Diskussiounen iwwert d’Zukunft vum Aussenhandel.

Et ass gewosst, dass Lëtzebuerg eng kleng oppe Wirtschaft huet, déi wéinst hire limitéierte Ressourcen op staark international Relatiounen an Echangen ugewisen ass. Eise wirtschaftlechen Erfolleg wier ouni déi staark europäesch an international Wirtschaftsintegratioun guer net méiglech gewiescht

Et ass fir Lëtzebuerg existenziell wichteg, dass net alles wat d’Mondialisatioun eis u Fortschrëtter bruecht huet, elo iwwer de Koup geheit gëtt.

Déi Europäesch Kommissioun huet Zeeche vun der Zäit erkannt a schafft um Konzept vun enger „Automomie stratégique“. Zil ass et, d'Relatioune mat den Handelspartner ze iwwerdenken, de Bannemaart nei auszeriichten, eng eegen Industrie- an Digitalisatiounspolitik op d’Been ze stellen, ouni sech dofir den anere Wirtschaftsbléck ze verschléissen. Well et ass utopesch ze mengen, dass den ale Kontinent, an Autarkie ka fonctionéieren. Handel, Spezialiséierung, Disponibilitéit vu Ressourcen an Talenter bréngen eng Aarbechtsdeelung, déi fir déi ganz Weltgemeinschaft vu Bedeitung ass, an och Milliarde Mënschen aus der Aarmut gefouert huet.

Strategesch Autonomie bedeit, multilateral Moossnamen an der EU ze stäerken, vergläichbar Wettbewerbsbedingungen ze fërderen, Virdeeler vun der EU-Integratioun voll auszeschöpfen, Ofhängegkeet vun externen Acteuren ze reduzéieren. Kuerz, mol fir d’éischt de Potential vun Europa ausschöpfen, an do gëtt et nach vill Loft no uewen.

Mee Handel hält net an Europa op, an et ass einfach ze simplistesch a Schabloune wéi “déi Gutt” an “déi Béis” ze denken. Wa mir mat verschiddene Länner Brécken ofbriechen, riskéieren déi sech manner demokratesch Handelspartner ze sichen, wat weder onsem Wuelstand, nach dem Demokratiemodell hëllefe wäert.

Schlussendlech ass et fir eist Land wichteg eng pragmatesch Approche ze behalen, wou d’Grondzich vun eisem Demokratie- Verständnis berécksiichtegt ginn, ouni awer ze verlaangen, dass all Land eisem Modell 1:1 entsprécht.

Déi viséiert Entwécklung mat engem méi staarken Europa ass eng grouss Chance fir Lëtzebuerg, fir seng aktuell Diversifikatiounspolitik weider ze verstäerken, an eng méi pro-aktiv Industriepolitik ze gestalten. Dat geet awer nëmmen, wa mir ewech komme vun ze komplexen a laangwierege Krittären no deem verschidde Geneemegungen erdeelt ginn.