An enger Welt, déi vum Mënsch zerstéiert gëtt, maache mer eis Suergen a sichen no Schëllegen tëscht de Generatiounen. Dobäi bréichte mer e Bewosstsinn, dass mir all eng eenzeg Generatioun sinn, déi gemeinsam Verantwortungen huet, denkt de Serge Tonnar a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

Wéi eng Welt hannerloosse mir eise Kanner? Jiddereen, deen eng Grimmel Altruismus a sech huet, huet sech dës Fro scho gestallt. Jiddereen, dee Kanner huet, a si gären huet, kënnt net derlaanscht sech Suergen ze maachen. D'Situatioun war nach ni ganz berouegend, ma si schéngt ëmmer méi schlëmm an hoffnungslos ze ginn. Eng Klimakatastroph, déi mer all Krämpes hunn ze meeschteren, e Krich an Europa, dee riskéiert sech ze verbreeden a Krisen a Konflikter iwwerall op der Welt, mat ëmmer méi Aarmut an ëmmer méi Leed.

Et ass dacks déi eeler Generatioun, déi sech selwer uklot, oder vun de jonke Generatioune matschëlleg gesprach gëtt. Dëst Sichen no Schëllegen tëscht de Generatioune mécht awer net vill Sënn, well en Altersënnerscheed vun 20, 30 oder 40 Joer fält net an d'Gewiicht, wann een den Alter vun eiser Mamma Äerd bedenkt. Och weist deen, dee sech selwer uklot, grad wéi deen, deen en aneren uklot, seng eege Responsabilitéit vu sech, wéi wann e selwer schonn näischt méi bäidroe kéint. Dobäi si mir all, déi nach hei liewen, eng gemeinsam Generatioun, an droen eng kollektiv Verantwortung, fir souzesoen all Dag d'Welt op en Neits retten. De vietnamesesche Mënch a Friddensaktivist Thich Nhat Hanh sot et esou: "Vläicht fille mer immensen Drock, fir de Planéit an dësem Liewen ze retten, a vläicht hu mer Angscht, dass mer nimools genuch maache kënnen. Déi plakeg Wourecht ass, dass de Planéit net nëmmen eng Kéier gerett gi muss; e muss ongezielte Kéiere gerett ginn, fir all Éiwegkeeten, déi kommen."

Et ginn awer och Liichtblécker, an et kritt een d'Gefill, dass d'Bewosstsinn sech queesch duerch d'Generatioune verbreet, vun der Noutwennegkeet ze handele géint déi fierchterlech Konsequenze vum Ursprong vu bal all de Krisen, dem selwer operluechte Wuesstemszwang. Déi meescht, déi sech selwer e Virworf maache fir déi Welt, déi se hannerloossen, zielen och zu deenen, déi dat Bewosstsinn schonn hunn. Net jiddereen ass matschëlleg un deem, wat grad geschitt, et ginn déi, déi net alles matmaachen a sech asetze fir eng besser Welt. Et ass och wichteg déi Stëmmen ze héieren, an net nëmmen no Schold ze sichen.

Dat huet mech zu dëse Wierder u meng Kanner inspiréiert:

An ech hu probéiert a probéiere weiderhin

Vir ze goen an e gutt Beispill ze sinn

An op deem Wee muss een oft versoen

Och du wäerts dat fréi genuch verstoen

An déi Welt, déi ech dir wëll weiderginn

Soll eng Welt vun Danz a vu Musek sinn

Eng Welt vu Frëndschaft a vu Léift

Vu Mënschlechkeet a vun Déift

An déi Welt lieft heiansdo just a mengem Häerz

Heiansdo ass se Fakel an heiansdo nëmme Käerz

Eng Flam, déi duerch d'Generatioune geet

Déi Nee zum Krich vun den Natioune seet

Et ass déi Flam, déi am Déngscht vum Liewe steet

Aus där den Universum an och eis Äerd besteet

Wéi deng Mamm an ech se hunn erkannt

Goufs du aus hir gemaach, mäi Kand