De Ian De Toffoli wonnert sech, firwat op de kulturellen Eventer keng Leit méi sinn.

Carte Blanche Ian de Toffoli

All Mënsch, deen an der Lescht op engem kulturellen Event war, op engem Theaterowend, op engem Concert, op enger Liesung, krut et mat: de Sall war hallef eidel. Et koum ee gutt duerch d'Leit, fir bei de Béierstand, et huet een net bräichten iwwert engem anere säi Kapp ewechzekucken, d'Rei virdrun... enfin, et gouf keng Rei virdrun. Souguer op de Premièren, am Theater, a virun zwou Woche gouf et der Sechs, an ech hat et fäerdegbruecht, op dräi dovun ze sinn, vun den dräi anere Regisseur*innen oder Produzent*inne krut ech e frëndleche Reminder, wou ech da wär, leider konnt ech mech net an zwee deelen, also, souguer op de Premièren am Theater, gouf et ëmmer nach Plazen an der Oweskeess.

Ech weess vu Kolleeg*innen, datt se heiansdo virun nëmmen enger Handvoll Leit gespillt hunn, ech weess, datt grouss Produktiounen aus berüümten auslänneschen Theaterhaiser kee Schwäin interesséiert hunn, an datt souguer international bekannte Gruppen – obwuel de Sound gehummert huet an ech lo nach mäi Genéck wéi hu vum moschen – et net fäerdeg bruecht hunn, d’Leit op engem Donneschdeg Owend hannert hirem iwwerdeierte Webergrill oder Smoker ervirzelackelen.

Kloer, d'Wieder ass e bësse Schold. Kloer, no der Pandemie war et schwéier, d'Leit vum Netflix & chill ewechzekréien. Kloer, et kann ee soen, fir dës an dës Saach ass net genuch Pub gemaach ginn, et krut keen et mat. Mä ass dat net just de sprangende Punkt? Firwat krut keen et mat? Ma well et ënnergaangen ass an der Hällewull vun aneren Eventer. Ech ka mech erënneren wéi, wärend dem Ufank vun der Pandemie, déi Kulturschaffend heemlech opgeotemt hunn. An endlose Zoommeetings ass dovu geschwat ginn, datt lo géif eng nei Zäit ugoen, mat méi Durabilitéit an de Produktiounen, also manner Quantitéit, méi Qualitéit, manner, mä besser Projeten.

An iergendwéi sinn déi Virsätz, soubal rëm opgaangen ass, iwwert Bord geworf ginn. Am Moment knuppt all Mënsch seng Saache raus, wéi wa muer d’Apokalyps wier. Déi Frenesie u Produktiounen, Festivaller, Liesowender, klengen ephemere kulturelle Trëppeltouren, etc., déi grad stattfënnt, huet een zu Lëtzebuerg nach ni gesinn.

Zumindest kann ee soen: hei leeft eng. Mä et kënnt kee méi no, d'Publikum net, an och d'Kulturjournalisten net, déi neit Publikum sollen interesséieren, mä déi vun den Artisten ugemotzt ginn, firwat se dann net op HIREM Event waren. An natierlech ka kee vun den Artiste seng Kolleeg*inne méi kucke goen, well e jo keng Zäit méi huet.

Schued, well dat Ganzt ass keen Zeeche vu Solidaritéit am Milieu. Jiddweree rappt un deem berüümte Kuch, fir sech säin eegent Stéck z'ergatteren, an herno ass e vreckt. Mä vläicht bräicht et eng nei Denkweis, bei der Opdeelung dovun. Vläicht bräicht et nei Forme vun Zesummenaarbecht, amplaz dee "jiddweree fir sech a sengem Eck".