Spéitstens zanter dem Coronavirus oder méi rezent den nei entdeckten Afepouken, gehéiere Viren zum allgemenge Sproochgebrauch, obwuel se scho méi laang bekannt sinn, wéi zum Beispill den Herpesvirus. Ganz besonnesch ustiechend ass an dëser Kategorie de genitalen Herpes an den – wéi den Paul Hammelmann a senger Carte blanche mengt - digitalen Herpes. Algorithme kënne vill hëllefen, maachen awer net onbedéngt méi gescheit.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Ech hat mäin Auto a Revisioun gefouert. Fir en owes nees ofzehuelen, war et e bëssi spéit ginn, um 19 Auer mécht de Garage zou. Ech war um 18.45 Auer do an eng Damm, si hat ganz laang déifschwaarz Wimperen an nach vill méi laang, diamantenbesate Fangerneel, esou dat et ëmmer klickt, wa si op hirem taktillen Ecran hantéiert, huet mech encaisséiert, de Schlëssel erëmginn a mir matgedeelt: „Ären Auto steet op der Plaz C23".

Ech sinn doropshi rapid op den 3-stäckege Parking an hunn den C23 och direkt fonnt. Uff, um Rez-de-chaussée! Do stoung effektiv en Auto vu menger Mark – et stoungen nëmmen Autoe vun menger Mark do – et war awer net mäin. Et kann ee sech jo mol ieren, sot ech mir, a si méi schëtzeg duerch de Parking gelaf, hu permanent op Fernbedienung gedréckt, fir mäin Auto eventuell akustesch ze identifizéieren ...ouni Succès!

Entretemps sinn déi éischt Mataarbechter vum Garage heem gaangen an d'Rettung war d'App, déi kann den Auto jo geolokaliséieren. An effektiv, et war elo 2 Minutte virun 19 Auer, weist d'App mir, datt den Auto 50 Meter vu mir ewech ass, mee 2 Stäck méi héich. Do steet en, um K23!

Naass geschweesst an nawell fatzeg granzeg, fueren ech dunn eraus, laanscht „meng" Madamm, déi just d'Dier wollt zouspären an awer nach hir Lëpsen nogezunn an den Handy an hiren „Kelly Bag"* verstaut huet.

„Madamm, sot ech, mäin Auto stoung net um C23, mee um K23, dat sinn 2 Stäck méi héich an 8 Buschtawe méi wäit am laténgeschen Alphabet, mä Dir hutt et sécher net esou mat de Konsonanten".

„Dach, Dir gesitt, mir sinn ëmmer do fir Konsumenten", huet si mir ganz zefridde geäntwert an nach séier e Selfie gemaach vu sech a mengem Auto, sécher fir sech owes op Instagram an TikTok ze setzen, well si ass bestëmmt e Social-Media-Star, eng Youtuberin, eng Influenzerin... just mat de Kosmonauten, do klappt eppes net.

*Dat ass eng nawell deier Posch vun „Herpès"